Kopenhagen: Debattéieren, protestéieren a kritiséieren
RTL - 12.12.2009, 15:06 - Fir d'lescht aktualiséiert: 13.12.2009, 14:08

De Message ass kloer: Dir musst d'Klima retten!
© Sven Becker
Wéi fannt Dir
dësen Artikel? 
55.17%

44.83%
29 Vote(n)
Hefteg Kritik kënnt vun den Organisateure vun der grousser Klima-Manif e Samschdeg zu Kopenhagen iwwert d'Aart a Weis, wéi d'Police sech beholl huet. D'Organisateure gi sou wäit a schwätze vu Verstéiss géint d'Menscherechter.
D'Beamten hätten einfach, ouni direkte Grond, honnerten Demonstrante festgeholl, sou d'Climate Justice. Hinnen hiren Informatiounen no sinn déi Leit um Samschdeg, trotz der Keelt, op der Strooss um Buedem a gefesselt festgehale ginn.
Eegenen Aussoen vun der Police no goufe knapp 1.000 Mënsche festgeholl. Déi meescht vun hinne sinn an der Tëscht nees op fräiem Fouss. Eng Rëtsch Manifestanten haten ugefaang mat Steng op déi fréier Boursen an den Ausseministère ze schéissen.

Zu Kopenhagen haten um Samschdeg, an der Halschent vum Weltklimasommet, Dausende vu Leit fir ee besseren Ëmwelt- a Klimaschutz demonstréiert.
115 Staats- a Regierungscheffen erwaartFir déi decisiv Phas vun der Weltklimakonferenz waren um Samschdeg d'Ëmweltminister aus der ganzer Welt zu Kopenhagen ukomm. D'Ëmweltminister hu knapp eng Woch Zäit, ier dann Staats- a Regierungcheffe vun de Länner, déi vertruede sinn, iwwer déi lescht Froen decidéieren, déi dann nach opstinn, fir zu engem globalen Accord fir d’Reduktioun vun Zäregaser ze kommen. 115 Staats- a Regierungcheffe ginn an der dänescher Haaptstad erwaart ...
Rondrëm de Sommet hate sech ganz vill Leit fir eng grouss Demonstratioun versammelt. Si hunn obligatoresch Engagementer, virun allem vun de groussen Industrienatiounen, gefuerdert. Bis zu 50.000 Leit hate sech, der Police no, fir déi Protester versammelt, dorënner och Lëtzebuerger.
Si all wollten en éiergäizegt Klima-Ofkommes, datt séier gehandelt gëtt an datt déi aarm Länner, déi am meeschten ënnert dem Klimawiessel musse leiden, gehollef kréien.
En Entworf vun engem Accord läit scho vir. Do heescht et, déi klimaschiedlech Gase solle bis 2050 ëm 50 bis 95 % reduzéiert ginn par Rapport zum Referenzjoer 1990. D’Industriestaate sollen hir Emissioune scho bis 2020 ëm 25 bis 40% reduzéieren.
Aktiounen net nëmmen an Dänemark
De Weekend iwwer waren iwwerdeems op der ganzer Welt Manifestatiounen fir de Klima. An Australien si méi wéi 50.000 Persounen a verschiddene Stied op d'Strooss gaang, fir an de Klimaverhandlungen Drock ze maachen. D'Manifestanten hate symbolesch blo Streckelen un.
An zu Lëtzebuerg invitéiert "180° - Le virage climatique" op "Kopenhagen Plage" op der Place Clairefontaine, nach dëse Weekend (ëmmer vun 13 bis 18.30 Auer). Och hei soll den Eescht vun der Situatioun ënnerstrach ginn.
Är Commentairen