57. Weltlepradag: Weider Opklärung iwwert d'Krankheet
RTL - 31.01.2010, 09:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.01.2010, 12:44
57. Weltlepradag: 3 Millioune Leit leiden den Ament ënnert der béiser Krankheet an zejoert goufen et 250.000 nei Infektiounen.

Lepra ass heelbar, ma dacks kommen déi Krank, déi vill an ofgeleeëne Géigende wunnen an an aarme Verhältnisser liewen, ze spéit bei den Dokter a da kënnen déi typesch Symptomer vun der Krankheet net méi opgehal ginn.
A grad dowéinst ass et wichteg, datt um Terrain nach vill Opkläerungs- a Senibiliséierungsaarbecht geleescht gëtt. Dat ass ee vun de Messagen um 57. Weltlepradag, den 31. Januar 2010. Interview mam Robert Kohll, Direkter vun der Lëtzebuerger Fondation Follereau, vum Claude Zeimetz »
Déi meescht Leprakrank ginn et an Indien an a Brasilien. Obwuel et d'Kränkt schonn esou laang gëtt, ass se bal net erfuerscht an et ass bis haut nach net genee gewosst, wéi sech d'Lepra am Fong iwwerdréit.
