Bilzen/Belsch: E Mann erschéisst e Polizist a säi Fils
RTL - 14.03.2010, 14:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.03.2010, 18:17
Zu Bilzen am Nordoste vun der Belsch huet e Mann e Polizist a säi Fils vu 15 Joer erschoss, ier Spezialunitéite vun der Police hien dout gemaach hunn.

D’Police war wéinst engem ferme Sträit tëscht dem Mann a senger fréierer Frëndin geruff ginn. Wéi 4 Polizisten an d’Haus eragaange sinn, huet de Mann, deen eng Waff hat, op si geschoss an ee vun hinnen um Réck blesséiert. De Polizist ass nach op der Plaz verscheed. Do virdrun hat de Mann zu Vlijtingen scho säi Bouf vu 15 Joer ëmbruecht; nom Sträit zu Bilzen gouf hien du wéi et schéngt vu Spezialunitéite vun der Poliss erschoss.

