Hierdebréif: Matleed vum Poopst, Enttäuschung bei Affer
RTL - 20.03.2010, 13:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.03.2010, 10:21 | 12 Commentaire(n)
D'Affer vu sexuellem Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch an Irland sinn enttäuscht iwwert dem Poopst Benedikt XVI. seng Wierder am Hierdebréif.

De Bréif, deen um Sonndeg an de Massen an Irland virgelies gëtt, léisst vill Froen op, kritiséieren iresch Associatiounen, déi d'Affer vertrieden.
De Poopst géif sech och net fir déi nidderträchteg Aart a Weis entschëllegen, mat deenen d'Mëssbrauchaffer zréckgewisen a gezwonge goufen, de Mond ze halen.
De Benedikt XVI. hätt déi besonnesch Geleeënheet verpasst, fir déi systematesch Politik an der Kierch unzeschwätzen, mat deene Sexualtäter um héchsten Niveau geschützt ginn an domadder Kanner a Gefor bruecht ginn.
Eng aner Saach wier d'Fro, op d'Affer da lo entschiedegt ginn.
Poopst: Matleed, Bedaueren, Kritik
Op dësen Hierdebréif war mat Spannung gewaart ginn. En ass fir d'Massen an Irland um Sonndeg geduecht, gouf awer ewell um Samschdeg public.
Déi schëlleg Geeschtlech misste sech viru Geriicht veräntwerten, schreift de Poopst. Am Text heescht et genee: "Erkennt är Schold ëffentlech un, ënnerwerft iech der Justiz, mee zweiwelt net un der Gnod vu Gott."
De Chef vun der kathoulescher Kierch riicht sech an deem Schreiwes och direkt un d'Affer. "Dir hutt vill gelidden, an dat deet mer wierklech leed", verséchert de Benedikt de 16.
Déi schëlleg Paschtéier hätten d'Vertraue vun onschëllege, jonke Mënschen an hire Famillje verroden.
De Poopst féiert de Mëssbrauch an der Kierch ënnert anerem dorobber zréck, datt déi zukünfteg Paschtéier net genuch gepréift ginn.
Iwwert d'Fäll an deenen anere Länner geet de Benedikt de 16. am Bréif iwwerhaapt net an, genee sou wéineg wéi op eng eventuell Matverantwortung vum Vatikan.
Reaktiounen op d'Schreiwes
Fir déi däitsch Reformbeweegung "Wir sind Kirche" ass dëse Bréif nëmmen een Ufank. D'Strukturen an der Kierch misste lo gepréift ginn. Dobei geet et fir d'Organisatioun a Part ëm d'Fro vum Zölibat an der Sexualléier an der Kierch.
De Chef vun der däitscher Bëschoofskonferenz, den Äerzbëschof Robert Zöllitsch, gëtt am Noriichtemagazine Focus zou, datt d'kathoulesch Kierch Mëssbrauchsfäll bewosst verschleiert huet. "Jo, dat huet bei eis ginn", sou den Zöllitsch. "Zanter Joeren steiert d'Kierch awer an déi aner Direktioun."
An der Zäit, wou de Poopst Aerzbëschof zu München war, war jo och sou ee Fall vertuscht ginn. De Joseph Ratzinger hätt allerdéngs näischt dovunner gewosst, sou de Chef vun der Bëschofskonferenz.
Däitschland: Ëmmer méi Fäll
An Däitschland melle sech iwwerdeems ëmmer méi Affer vu sexuellem Mëssbrauch bei der kathoulescher Kierch. Zanter datt déi éischt Fäll Enn Januar aus der Canisius-Schoul zu Berlin un d'Ëffentlechkeet komm sinn, sinn a ganz Däitschland 250 Verdachtsfäll bekannt ginn. Dat geet aus enger Ëmfro ervir, déi d'Nooriichtenagence dpa a 27 Bistümer duerchgefouert huet. Déi meescht Fäll si scho verjährt a ginn op d'50er an d'80er Joere zréck.
Éisterräich: Affer organiséiere sech
An Éisträich hunn d'Affer vu sexuellem Mëssbrauch a Mësshandlunge vu Geeschtleche lo eng Associatioun gegrënnt. Wéi d'Zeitung der Standard um Samschdeg schreift, wëllen déi Betraffen op dës Aart a Weis, wann et net anescht geet, eng kollektiv Plainte géint d'Kierch maachen a fuerdere bis zu 80.000 Euro Schuedenersaz pro Affer. Déi Betraffe probéieren awer fir d'éischt fir am gudde mat der Kierch en Arrangement ze fannen.
Schwäiz: Mëssbrauchsfäll och hei
Aus der Schwäiz koum um Samschdeg d'Nouvelle, dass am berühmte Klouschter Einsiedeln och Paschtéier waren, déi sech un Mannerjähreger vergraff hunn. Iwwer fënnef Fäll weess den Abt vum Klouschter Bescheed, déi ginn zum Deel op d'70er-Joren zeréck.


Äre Commentaire