Island: Gletschervulkan ausgebrach, Leit evakuéiert
RTL - 21.03.2010, 08:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.03.2010, 17:57
Am Süde vun Island ass um Sonndegmoien e Gletschervulkan ausgebrach. Honnerte Leit hu missen evakuéiert ginn an de Fluchhafen zu Reykjavik gouf gespaart.

Déi islännesch Autoritéiten hunn matgedeelt, dass kee Mënsch blesséiert gouf an den Ament och keen a Gefor ass.
Et gëtt awer gefaart, dass duerch dëse Vulkanausbroch gréisser Iwwerschwemmunge kéinten no kommen. De Vulkan louch nämlech ënnert enger décker Äisschicht an och an der Ëmgéigend ass nëmmen Äis, wat elo riskéiert ze schmëlzen.
Um Sonndeg kuerz no Hallefnuecht war de Vulkan ausgebrach. De leschte Vulkanausbroch an där Géigend war virun 200 Joer.

