Israel net vun Atomwaffespäraccord betraff?

RTL - 31.05.2010, 07:46 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.05.2010, 07:49

Israel huet wi et schéngt ausdrécklech Garantie vu Washington kritt datt Israel net vun der UNO-Initiative vun engem atomwaffefräien Noen Osten betraff ass

Dat sot ee Vertrieder vun der israelescher Regierung no enger Visite vum Netanjahu zu Toronto.

D'Membere vum Atomwaffespäraccord haten e Freideg weider Schrëtt fir eng atomar Ofrëschtung decidéiert a sech als Zil gesat d'Atomwaffen aus dem Noen Osten z'eliméieren.