Déi däitsch Bundesbank wëll den Thilo Sarrazin lassginn
RTL - 02.09.2010, 08:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.09.2010, 18:48
Affär Thilo Sarrazin: De Comité vun der Bundesbank huet eestëmmeg décidéiert beim Bundespresident Christian Wulff ze froen, dass hien ofgesat gëtt.

De Virstand vun der Bank kéint sou munches maachen, fir datt d'Diskussioun Däitschland net schuet, sou de Wulff am Virfeld vun der Decisioun en Donneschdeg.

