Golf vu Mexiko: Et ass nees eng Buerinsel explodéiert

RTL - 02.09.2010, 17:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 14:01

Am Golf vu Mexiko ass eng "net aktiv" Buerinsel explodéiert, westlech vun der BP-Insel, déi fir eng Pëtrolspescht gesuergt hat. Et ass kee Pëtrol ausgelaf.

Dem Golf vu Mexiko bleift wéi et schéngt eng weider Naturkatastrophe erspuert.

Entgéint deem wat gefaart ginn ass, ass op der Buerinsel déi en Donneschdeg explodéiert ass, kee Pëtrol an d'Mier gelaf. D'Coast Guard huet den Ament op alle Fall nach kee Leck detectéiert, behält d'Situatioun awer weider am Bléck. D'Feier dat duerch eng Explosioun op der Plattform vun der Firma Mariner Energy ausgebrach war konnt an Tëschenzäit geläscht ginn. All déi 13 Mataarbechter vun der Buerinsel konnten och gerett ginn. Eng Persoun gouf just an der Explosioun blesséiert. D'Ongléck ass eng 320 Kilometer westlech vun der Deepwater Horizon geschitt, also déi BP-Plattform déi am Abrëll ënnergaang war an eng riseg Pëtrolpescht ausgeléist hat.

D'Ëmweltkatastrof ass BP eng deier ginn

D'Bekämpfung vun der Ëmweltkatastrof am Golf vu Mexiko huet de britesche Pëtrolskonzern BP bis ewell 8 Milliarden Euro kascht. Mat an där Zomme dran sinn déi Suen déi bis elo ausgi goufen, fir d'Mier erëm propper ze kréien, mä och d'Entschiedegungen, déi den Affer vun där Katastrof bis ewell ausbezuelt goufen.