Spuenien: D’ETA huet en neie Waffestëllstand annoncéiert
RTL - 05.09.2010, 17:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.09.2010, 09:33
BBC: Déi baskesch Ënnergrondorganisatioun ETA huet um Sonndeg per Video matgedeelt an Zukunft wëllen op Gewalt ze verzichten.

Doranner seet en Porte-Parole, datt een scho virun e puer Méint e Waffestëllstand decidéiert hätt. Et wéilt een elo en „Demokrateschen Prozess“ ufänken.
Déi spuenesch Regierung hat ëmmer gesot, et wéilt een mat der ETA verhandelen, wann d'Organisatioun op Gewalt verzicht.
An de leschte 40 Joer ginn iwwer 800 Doudeger op de Kont vun der ETA.
