Libyen: USA préiwe Méiglechkeet vu Fluchverbuet

RTL - 28.02.2011, 06:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.02.2011, 11:52

Lybien: Fir ze verhënneren, datt nach honnerte Leit a Libyen stierwen denken d'USA an Europa iwwert e Fluchverbuet fir verschidde Géigende vum Land no.

Dat schreift d'New York Times a präziséiert, datt awer nach näischt decidéiert ass.

Déi amerikanesch Regierung iwwerpréift den Ament och op d'US Arméi d'Kommunikatiounsverbindunge kéint stéiere fir ze verhënneren, datt de Gaddafi nach weider Message ka verbreeden an op et méiglech ass e Korridor bis an Tunesien oder Ägypten ze maachen, fir datt d'Flüchtlingen d'Land méi einfach kenne verlossen.

D'Ausseministesch Hillary Clinton ass dann och schonn zënter e Sonndegowend zu Genève wou se weider Gespréicher iwwer Libyen huet.

Si ass am Mënscherechtsrot vun de Vereenten Natiounen an huet och eng Rei bilateral Entrevuen mat europäeschen Homologen.


Weider UNO-Sanktiounen géint de Gaddafi-Régime (27.02.2011)
Diemno därf de Staatschef Gaddafi a sain Entourage, d'Land net méi verloossen, an all hier auslännesch Bank-Konte gi gespaart.



Gaddafi huet weider u Muecht verluer
Um 13. Dag vun den Onrouen an Libyen huet den Staatschef Muammar al-Gaddafi quasi déi ganz Muecht iwwert d'Land verluer. Al-Dschasira mellt op jiddwerfalls, den Gaddafi-Clan giff just nach e puer Quartieren zu Tripolis an Stad Sirte, seng Heemechtsstad, kontrolléieren. D'Televisiounschaîne sot och, de Gaddafi giff ëmmer nach net drun denke fir opzeginn. D'Oppositioun huet a Libyen mëttlerweil eng Iwwergangsregierung op d'Been gestallt, de Comité huet de fréiere Justizminister als Chef ernannt.

Och international gëtt den Drock op de Regime Gaddafi ëmmer méi grouss: no der Europäescher Unioun an Amerika, huet och de Sécherheetsrot vun den Vereenten Natioune Sanktioune géint Libyen annoncéiert. E Waffenembargo, e Verbuet fir ze reesen an d'Afréiere vum Verméige vum Gaddafi-Clan gouf decidéiert. Nodeems den amerikanesche President den Récktrëtt vum Gaddafi gefrot huet, hunn d'Senateuren McCain an Lieberman appeléiert d'Iwwergangsregierung unzeerkennen. De Vereenten Natiounen no si schonn iwwer 1.000 Leit bei den Affrontementer a Libyen ëm d'Liewe komm a ronn 100.000 Persoune sinn an d'Ausland geflücht.


Sanktiounen

Nodeem d'EU e Freideg decidéiert huet, een Embargo op Waffen géint d'Land ze verhänken, a sech prinzipiell fir d'Spär vun de Konte vun der Gaddafi-Famill ausgeschwat huet, hunn och d'USA Sanktiounen decidéiert. Nodeem déi lescht Amerikaner aus Lybien evakuéiert waren, huet de President Obama een Dekret ënnerschriwwen, dat Verméigen an Immobilien vum Gaddafi a senge 4 Jongen an den USA blockéiert.

Zu New York geet d'Reunioun vum UNO-Sécherheetsrot virun: Zil ass et sech op eng Resolutioun eens ze ginn, fir Sanktioune géint de Regime Gaddafi kënnen ze verhänken. Am Projet, dee virläit, gëtt de lybeschen Dikatator gewarnt, datt hie kéint wéinst Crime géint d'Mënschheet, ugesicht ginn. Donieft ass och ee Waffenembargo, ee Reesverbuet an d'Afréiere vun de Konte virgesinn.

Den italienesche Regierungschef Silvio Berlusconi huet e Samschdeg gemengt, de Muammar Gaddhafi hätt d'Situatioun a Libyen net méi ënner Kontroll. Et kéint kee virausgesinn, wat an de nächste Wochen an deem Land nach geschéie kann, mä et misst een op alle Fall ganz virsiichteg sinn. D'Entwécklungen an Nordafrika wiere ganz ongewëss. Italien fäert donieft och, datt bis zu 300.000 libesch Flüchtlingen an Italien komme kéinten, falls de Gaddhafi gestierzt gëtt.

A Libyen huet de Kolonel Gaddafi u seng Partisanen appelléiert, d'Waffe géint d'Manifestanten an ze setzen. Wéi vill Mënschen an den 11 Deeg, wou d'Rebellioun am gaang ass, schonn ëm d'Liewe komm sinn, ass net gewosst, mä engem lybeschen Ambassadeur no, dee säi Poste gekënnegt huet, misst mat Dausenden, a net mat Honnerte gerechent ginn. Allgemeng ginn et ëmmer méi Desertiounen an der Arméi an ëmmer méi lybesch Ambassadeuren déi sech vum Regime distanzéieren. Am Laf vun dëser Woch sinn eng 50.000 Leit aus Libyen an d'Nopeschlänner fortgelaf.


 

D'Lëtzebuerger Rout Kräiz schéckt 20 Zelter fir libesch Flüchtlingen op Malta. D'Zelter, déi mat engem Don vu 27.700 Euro vum Staat subventionéiert goufen, ginn de Sonndeg fortgeschéckt.


Libyen soll aus Mënscherechtsconseil ausgeschloss ginn

Den UNO-Mënscherechtsrot kënnt um Freideg zu Genève fir eng Krisesëtzung iwwer Libyen zesummen. An enger Resolutioun, déi d’EU virgeluecht huet, sollen de Gadaffi an d’Haaptleit vum libesche Regime wéint grave Verstéiss géint d’Mënschrechter beschëllegt ginn. Libyen soll aus dem Mënscherechtsconseil ausgeschloss ginn.

Den amerikansche President Barack Obama huet en Donneschdeg mat de Leadere vu Groussbritannien, Italien a Frankräich telefonéiert, fir d’Reaktiounen op d’Situatioun a Libyen ze koordinéieren. Et leien eng Partie Optiounen um Dësch, dorënner Sanktiounn, mee och humanitär Hëllef, esou den Obama.

Konte gi gespaart

D’Schwäizer Regierung huet d’Sue vum Gadaffi, senger Famille a  senge Frënn gespaart. Groussbritannien wëll dat och maachen. Enquêteuren sinn am gaang, dem Gadaffi säi Verméigen opzedecken. Hien huet méiglecherweis 23,5 Milliarden Euro a Groussbritannien, déi elo gespaart solle ginn, soen déi britesch Finanzautoritéiten. Hien huet och en Haus zu London mat engem Wert vun 11,6 Milliounen Euro.

Quasi keng ecomomesch Relatioune mat Lëtzebuerg

D'Situatioun a Libyen spëtzt nach ëmmer weider zou a vill europäesch Entreprisen hunn an de leschten Deeg hir Mataarbechter aus dem Land evakuéiere gelooss. Déi economesch Bezéiungen tëscht Libyen an EU-Länner sinn duerch d'Kris an deem Land elo a Gefor. Mä ausser de Pëtrolspräisser, déi wéint den Onrouen an d'Luucht ginn, brauch Lëtzebuerg sech keng weider Suergen ze maachen. An dat huet ee gudde Grond. Dem Grand-Duché seng economesch Relatioune mam nordafrikanesche Land si quasi Null, seet den Chefeconomist vun der Chambre de Commerce. Fir déi Ausso berifft hie sech op aktuell Zuele vum Statec.

Et ginn ëmmer erëm Lëtzebuerger Entreprisen, déi mat Libyen Geschäfter maache wëllen, mä esoubal se vun Experten erkläert kréien, wéi de Business an esou Länner leeft, zéien se sech léiwer zeréck.

Et ginn einfach nach vill ze vill Ënnerscheeder tëscht onser Moral fir Geschäfter ze maachen a Länner wéi Libyen hirer. Länner wéi Tunesien oder Ägypten, déi um gudde Wee sinn, fir Demokratien ze ginn, kéinten an de nächste Joer potentiell Handelspartner ginn.

Als Chambre de Commerce bleift een iwwerzeegt, datt den Developpement vun economesche Bezéiungen dee beschte Wee bleift, fir Barrièrë falen ze loossen an demokratesch Verhältnisser weider aus ze bauen.


Asselborn: Klore Fall vu Vëlkermord

De Jean Asselborn sot um Deutschland Funk, de libesche Staatschef Muammar al Gaddafi wär krank a geféierlech a misst onbedéngt gestoppt ginn. Hien hätt zu engem Biergerkrich opgeruff an d’Mënschen a Libyen géinteneen opgehetzt. De Jean Asselborn sot hie kéint sech net virstellen, dass d’Welt einfach nokuckt, wann Honnerten oder Dausende Leit ofgeschluecht ginn.

De Lëtzebuerger Ausseminister mengt awer net, dass Sanktiounen dee richtege Moyen wier fir d’Gewalt ze stoppen. Vill méi soll d’UNO zum Beispill decidéieren, d’Volen a Libyen ze kontrolléieren, fir dass keng weider bezuelte Milizen an d’Land erakommen. D’EU kéint och bannent kuerzer Zäit dem Gaddafi säi Verméigen afréieren.

 AUDIO: De Jean Asselborn um Deutschlandfunk iwwer Libyen. »




Extrait: De Jean Asselborn iwwert Libyen (23.02.2011)
Extrait: De Jean Asselborn iwwert Libyen.



Obama mellt sech zu Wuert

Den amerikanesche President Barack Obama huet sech eng éischte Kéier zanter der Gewalteskalatioun a Libyen offiziell zu Wuert gemellt a gesot seng Regierung géif all Moyene sichen fir op dat inakzeptabelt a schrecklecht Leed ze reagéieren. D'USA denken och iwwer Sanktiounen no, fuerderen awer, wéi och schonn am Fall Ägypten, net explizit e Récktrëtt vum Muammar al Gaddafi. En internationalen Accord fir Sanktioune gëtt et bis ewell net.

Och den UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon huet um Mëttwoch konkret annoncéiert, datt hien déi Schëlleg vum Massaker a Libyen wëll virun en internationaalt Geriicht bréngen, fir sech do wéinst schwéiere Verstéiss géint d'Mënscherechter ze veräntweren. D'Vereenten Natiounen hunn iwwregens der Duechter vum Gaddafi den Titel vun den Éierenambassadrice oferkannt.

D'Situatioun um Donneschdegmoien

D'Situatioun a Libyen selwer bleift konfus. Wéi et heescht, wier den Oste vum Land antëscht ënner Kontroll vun de Regimegéigner. De Staatschef Gaddafi verléiert also ëmmer méi d'Kontroll iwwert säi Land a soll sech mat 4 Brigaden op enger Militärbase zu Tripolis verstoppt hunn.

A Libyen leeft OCH d'Propagandamaschinn virun, an dem Gaddafi seng Bouwe probéieren him de Réck ze stäipen.

Ee vun deenen zwee huet en Interview fir d'Financial Times Däitschland ginn an ënnerstrach, datt 85 Prozent vum Land ganz roueg a ganz sécher wieren.

Hien huet och präziséiert, datt säi Brudder un enger Verfassung fir Libyen schafft, d'Land hat där nämlech bis elo nach keng.

Där Verfassung no soll de Muammar al-Gaddafi an Zukunft Beroder vun der Regierung ginn.

Jemen

De President am Jemen Ali Abdalah Saleh huet eng besser Protectioun fir d'Demonstrante vun der Oppositioun versprach. Hien huet d'Force de l'ordre ugewisen eng direkt Konfrontatioun tëscht Regierungssupporter a Géigner ze verhënneren. Et hat virun der Annonce brutal Zesummestéiss an der Haaptstad ginn. An zu Aden hunn Zaldoten a Polizisten Tréinegas agesat an an d'Luucht geschoss fir d'Demonstranten auserneen ze dreiwen.

Inneministere besuergt ëm d'Vague vu Flüchtlingen

Besonnesch d'europäesch Mëttelmierlänner fäerten elo enorm Vaguë vu Flüchtlingen aus Libyen. Déi 6 Mëttelmierlänner déi sech um Mëttwoch gesinn hunn, hunn dowéinst en Appel un déi ganz Europäesch Unioun lancéiert fir zesumme Verantwortung z'iwwerhuelen. D'Flüchtlingen déi kommen missten an der ganzer Unioun iwwert e solidaresche System opgedeelt ginn. D'Majoritéit vun de Memberlänner, dorënner och Däitschland, refuséiert dat awer. Italien huet schonn duerchgesat, datt d'Frontex-Agence, déi d'europäesch Grenze kontrolléiert, verstäerkt gëtt a fuerdert nach zousätzlech Moyenen. Den italieneschen Inneminister Roberto Maroni vun der rietspopulistescher Lega Nord huet um Mëttwoch vun 300.000 Leit geschwat, déi riskéieren Libyen an Direktioun Europa ze verloossen. D'Italiener halen drop, datt si net alleng gelooss ginn. D'Opfangstrukturen op der italienescher Insel Lampedusa platzen elo schonn aus allen Néit.

Ëm d'Fro vun de Flüchtlingen aus dem Maghreb geet et dann och um Donneschden um Conseil vun den EU-Inneministeren zu Bréissel. Thema ass och en Ofkommes mat der Tierkei, mat deem d'EU soll kennen Flüchtlingen vun do nees zeréckschécken.



 AUDIO: D'Simone Bleser huet sech mam geléierte Politolog a Journalist Riadh Sidaoui iwwert d'Situatioun a Libyen ënnerhalen. »



Portrait
Muammar al Gaddafi

E Gesicht, en arabesche Staat, De Muammar al Gaddafi a Libyen. Iwwer 4 Joerzéngte laang pëscht den haut 68 Joer alen Diktator op sengem Stull. E Stull, dee wackelt och wann offiziell ouni Regierungsfonktioun, bleift keen Zweiwel, datt de Gaddafi alleng d'Fiedem am Maghreb-Staat zitt, ouni säi Seege geschitt näischt. An dat zënter 1969. De skurrilen Dauerrevoluzzer, hat sech deemools géint de Kinnek Idris un d'Muecht geputscht

Selwer nennt hie sech gären "de Colonel" dee Gaddafi, dee kengem Mënsch ausser sech selwer vertraue kann. An deen an Diplomatekreesser als psychesch kranken Egozentriker, als launeschen a rechthabereschen Despot gëllt. Egal, de Mann mat der Virléift fir komesch Kostümer a Sonnebrëller sëtzt wéi eng Klett op sengem ondefinéierbare Posten. Jiddefalls ee vun de skurrilsten a gläichzäiteg bizarrsten an onberechenbarste politesche Personnage iwwerhaapt.

Vun anere Staatschefen an Diplomaten zanter Joerzéngte gefaart, suergt de Wüstendiktator och op der internationaler Bühn ëmmer erëm fir Opreegung. Gestempelt als Ënnerstëtzer vun Terrororganisatiounen, dréinen an den 80er Joren net just d'Amerikaner him, a sengem Land de Réck. De Gaddafi léisst sech trotzdem ni kleng kréien, hält alle verbalen a physeschen Attacke géint seng Persoun Stand, a bréngt et viru 7 Joer mat enger radikaler Ännerung vun der Aussepolitik fäerdeg, säi Land nees aus der Isolatioun, un där hien natierlech selwer Schold war, erauszeféieren. Awer net aus der Aarmut.

An de 70er Jore fonctionnéiert hien e Kinniksräich an e sozialistesche Staat ëm. Déi hausgemaachte Regele stinn am sougenannte "grénge Buch". D'Rezept: e Mix aus sozialisteschen an islamisteschen Theorien, agepaakt als Demokratie. An der Praxis ëmgesat als autoritäre Militärregime, deen iwwer 4 Joerzéngte laang dat libescht Vollek ënnerdréckt an demütegt, d'Korruptioun an d'Aarbechtslosegkeet sinn ouni Grenzen.

Déi déngschteelste soi-disant Staatschef-Carrière schéngt um Enn. Den eegenst entwéckelte Modell hat sech an der arabescher Welt souwisou net duerchgesat. Elo wëllt d'eegent Vollek dem "Colonel" definitiv un de Pelz. A wéi sollt et anescht sinn, hie gëtt sech net, geet brutal géint all Zort vun Opstand vir, ee Récktrëtt kënnt net a Fro, dofir awer eventuell en eegene Märtyrerdout. Eppes ass kloer, nach ni hat den éiwege Revolutiounsleader sou wéineg Loft.

 AUDIO: De Pit Everling huet e Portrait vum Diktator gemaach. »



Libyen geet am Chaos ënner. (22.02.2011)
De Staatschef Gaddafi hält awer un der Muecht fest, opschon erëm dausende Leit géint säin Regime manifestéiert hunn. Et gouf nees Doudeger an Blesséierter.



Weider Eskalatiounen an Libyen (21.02.2011)
D'Situatioun am nordafrikaneschen Land ass ganz oniwwersiichtlech. Bei den Demonstratiounen géint den Staatschef Gaddafi gouf et haut nees Doudeger.