Brauereikonzern AB Inbev ass u Béiermark Corona intresséiert

RTL - 25.06.2012, 12:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.06.2012, 12:59 | 2 Commentaire(n)

De Wall Street Journal mellt, dass de weltgréisste Brauereikonzern AB Inbev kuerz virdru steet, d'Béiermark Corona ze iwwerhuelen.

Inbev hält lo scho 50% vun de Parten vum Grupo Modelo, a wéilt fir iwwer 12 Milliarden Dollar lo och nach déi aner 50% kafen.
Iwwert e geneeën Datum vun der Iwwernam ginn et nach keng Informatiounen. Et kéint nach am Laf vun dëser Woch geschéien, et kéint awer och nach scheiteren.

Sollt et awer klappen, dann hätt de belsche Grupp d'Kontroll iwwert eng vun de meeschtverkaafte Béiermarke vun der Welt. Onkloer ass och nach, ob si de feu-vert an den USA kréien, well Inbev schonn eng extrem grouss part de marché an de Staaten huet.

Zu de Marke vun AB Inbev gehéieren nieft Budweiser, och nach Stella Artois, Beck's an net ze vergiessen Diekirch a Mousel aus Lëtzebuerg.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!