Firwat hunn déi meescht Leit hir Auer lénks un?

RTL - 20.09.2011, 07:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.09.2011, 08:43

Du hues bestëmmt eng modern Auer, eng mat enger Batterie.

Fréier goufen et déi net an eng Auer huet missen opgezu ginn. Dat war, oder ass, wëll et ginn nach esou Aueren, eng Fieder, déi da mat engem Riedchen un der Auer gespaant gouf fir dass d'Auer dréint, also dat, wat haut automatesch oder mat enger Batterie geet.

Wëll déi allermeescht Leit Rietshänner sinn, geet dat besser fir d'Auer mat der staarker rietser Hand opzezéien. Dofir haten d'Leit hir Auer um lénken Arem an dat ass éischter aus Gewunnecht da bis haut esou bliwwen, et gëtt also haut, mat deene modernen Aueren, kee richtege Grond méi dofir.

Et gi jo och eng Partie Leit, déi se, wahrscheinlech dann och ouni Grond, riets un hunn.

Fréier haten d'Lénkshänner se dacks riets un, wëll si da besser eens gi sinn, mä mam Riedchen op der rietser Säit haten si dann awer ee klengen Nodeel.

Vläicht hätt een deemools missten esou speziell Auere fir Lénkshänner erfannen, vläicht gëtt et dat jo och.