Aarm entschlof
RTL - 21.02.2012, 07:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.02.2012, 10:25
Ob mir selwer elo waakreg sinn oder schlofen, eppes schléift ni, an dat ass eise Kreeslaf, also d'Blutt wat duerch d'Häerz an d'Odere leeft.

Dat kann esou wäit goen, dass een säin Arem oder Been guer net méi spiert. Et mengt een dee Kierperdeel géif guer net méi zu engem gehéieren. Ausser dass dat ee schlecht Gefill ass geschitt awer net vill. Wann s de dem Blutt de Wee erëm fräi méchs, da kënnt d'Gefill och erëm lues a lues zeréck, fir d'éischt mat Seechomessen also esou kribbelen an dann ass geschwënn erëm Alles normal.
