Firwat a wéi kritt een eng Héngerhaut ?
RTL - 15.05.2012, 07:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.05.2012, 18:03
Dat ass eppes wat eis ugebuer ass, wat de Mënsch also zanter Millioune Joeren huet.

Déi Hoer sëtzen oder souzen all ënnert eiser Haut an engem kleng Säckelchen.
An all Säckelchen huet ee Muskel mat deem e ka wéi ee Ballon opgeblose ginn.
Opgeblosen dat heescht, dass dann eng kleng Knippchen op deng Haut kënnt, dat wat mer Héngerhaut nennen. Firwat ass dat ganzt gutt.
Majo eise Kierper hu mer scho méi dacks hei gesinn ass net domm.
Ech hu jo gesot fréier haten d'Mënschen déi vill Buuschten iwwerall um Kierper a wann déi Muskelen dee Säckelche mat den Hoer opgeblosen hunn, da stounegn déi Hoer um Kierper an d'Lut.
Domatter sollte Géigner, Déieren oder esou Angscht gemeet kréien an et ass och Hëtzt duerch déi Muskelen entstan, et war also och eng Méiglechkeet fir sech ze wiermen.
Och wa mer haut keng oder net méi esou vill Hoer hunn, dee Reflex hu mer behalen a wa mer eis grujelen oder wann et eis kal ass kréie mer och haut nach eng Héngerhaut.
Ajo a firwat Héngerhaut : Ma wann s de eng Kéier een Hong ouni seng Hoer, pardon Plommen, ee Poulet kucks, deen huet dat och awer ëmmer. D'Hinger hunn also ëmmer Héngerhaut.
