Firwat gëtt et engem esou warm wann ee schaarf ësst?
RTL - 22.05.2012, 07:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.05.2012, 18:04 | 0 Commentaire(n)
Et schweesst een emol, mä esou richteg warem gëtt et engem guer net, dat mengt ee just esou.

Et si jo meeschtens d'Gewierzer, déi d'Iesse schaarf maachen an do ginn et der, déi de Bluttkreeslaf oder de Stoffwiessel méi séier dréine loossen, kuerz gesot, de Kierper muss méi schaffen an du kënns un d'Schweessen.
Et ginn och Gewierzer déi Gléckshormoner ausschëdden, du fills dech da wierklech méi frou a glécklech a Gléck heescht fir eise Kierper och Wäermt, also erëm Schweessen.
Mä wat déi meescht net wëssen : Bei där Hëtzt do klëmmt eis Kierpertemperatur awer net an duerch d'Schweesse gëtt de Kierper esouguer ofgekillt.
Dofir ass et wahrscheinlech keen Zoufall, dass besonnesch a Länner wou et déck warem ass och nach schaarf giess gëtt, dat ass also net fir ze hëtzen mä fir of ze killen.
Ass schaarf Iesse gesond ass eng Fro, déi een sech och dacks stellt :
Wann een et net iwwerdreift da JO. Mierréidech zum Beispill hëlleft bei der Verdauung vu Fett, Knuewelek wann's de Loft am Bauch hues oder och bei ze héijem Bluttdrock.
An ech hunn den Chilli Con Carne immens gär.
Äre Commentaire