Dreemt een all Nuecht ?

RTL - 12.06.2012, 07:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.05.2012, 14:03

Du MENGS heiansdo du häss näischt gedreemt, wëlls de dech Moies wann's de erwächs net méi kanns erënneren, mä du dreems awer all Nuecht.

© RTL / Deborah Ceccacci

Wann s de zum Beispill 8 Stonne schléifs dann dreems de normalerweis esou ongeféier zwou Stonnen, also net zwou Stonnen hannerteneen natierlech.

Wann een elo während engem Dram erwächt da weess een direkt an och vläicht nach Moies wat ee gedreemt huet, wann s de awer eréischt 10 Minutten oder méi spéit nom Dram waakreg gëss dann ass deng Geschicht méi wéi sécher fort, vergiess.

Vläicht has de och schonn eng Kéier een Alpdram, dann dreemt een eppes ganz schlëmmes, grujeleches, do erwächt ee bal ëmmer an et fäert een wëll een am Ufank net weess op dat elo wierklech geschitt ass oder net.