Orientéierungsdebat iwwert Trennung tëscht Kierch a Staat
RTL - 07.06.2011, 12:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.06.2011, 08:11 | 86 Commentaire(n)
D'Trennung vu Kierch a Staat - dat war de Sujet en Dënschden an der Chamber - déi Gréng haten eng Orientéierungsdebatt gefrot.

Am Virfeld hate sech jo eng ganz Rëtsch vun Organisatiounen zu Wuert gemellt, déi méi eng staark oder kloer (finanziell) Trennung vu Staat a Kierch gefuerdert hunn.
Als éischt huet den Deputéierte Claude Adam d'Positioun vun deene Grénge presentéiert. Déi Gréng si kloer fir d'Trennung vu Kierch a Staat. Glawen ass Privatsaach, sou de Claude Adam. Dofir muss och den Artikel 106 vun der Constitutioun revidéiert ginn - dat ass deen Artikel, dee festleet, dat d'Paschtéier vum Staat bezuelt ginn. Allerdéngs wëlle sech do och Déi Gréng net ze wäit aus der Fenster hänken. "Ech wäert haut keng Motioun deposéieren, fir deen Artikel ofzeschafen - mee Weeër opweisen, fir drop lasszesteieren, wéi deen Artikel ka gestrach ginn."
Wéini ass eng Relioun eng Sekt, wéini eng Relioun, déi eng Konventioun mam Staat verdéngt huet? Dorop gëtt et keng Äntwert, soen Déi Gréng - juste déi vun engem laizistesche Staat.
De Verglach mam Sport klappt net, sou de Claude Adam. Do misst ee schonn éischter d'Kierch mat politesche Parteie vergläichen - déi ginn no der Representativitéit finanzéiert - bei der Kierch spillt déi awer keng Roll. Bei de Konventioune mat der Kierch misst op d'mannst d'Verhältnesméissegkeet respektéiert ginn. D'Kierchen, esou de Claude Adam, kéinten anescht genotzt ginn. Déi Gréng proposéieren Gemengen triede Kierchen un d'Kierch of, an déi muss dann och dofir opkommen.
Wéi ee Modell sollt ee fir Lëtzebuerg upeilen? Déi Gréng hu keng fäerdeg Äntwert prett, si proposéieren ee ronnen Dësch, fir ee Lëtzebuerger Modell auszeschaffen.
Fir déi Gréng wéi fir d'DP ass d'Relioun eng Privatsaach. An Zäite vun enger schwaarz-rouder Regierung deet sech d'LSAP net liicht mam Sujet. Am ablackleche Système géifen d'Kierchen duebel profitéieren, sou den LSAP-President Alex Bodry. Engersäits kréien si d'Suen an anerersäits mëscht sech awer de Staat net an hir Affairen an. D'Kierche missten an Zukunft fir hir eegen Depensen opkommen. Et misst een nach gesinn, ob dat duerch eng Kierchesteier organiséiert soll ginn oder anescht. Konkret si sech CSV an LSAP eens, dat d'Legislatioun iwwert d'Kierchefabrike muss geännert ginn. Deen Text ass vereelst, sou den Alex Bodry.
Anescht war, wéi erwaart, d'Positioun vun der CSV-Fraktioun.
De Paul-Henri Meyers huet ënnerstrach, dass een der gesellschaftlecher Entwécklung Rechnung dréit, nämlech andeems ee Konventioune mat verschiddene Glawensgemeinschafte gemaach huet. Ähnlech ewéi an der Belsch, kéint een an Zukunft och eng Zort Konventioun mat laïzisteschen Organisatioune maachen.
De Paul-Henri Meyers huet dann awer och proposéiert, et sollt een en onofhängege Rapport maache loossen. Déi enk Vermëschen op Gemengenniveau kéint een iwwerdenken – zum Beispill wat d'Paschtoueschwunnengen betrëfft.
D'Majoritéitsparteien hunn dann och d'Motioun déposéiert, wou d'Regierung opgefuerdert gëtt sech dem Sujet unzehuelen an eventuell Reformen ze envisagéieren.
5.250 Ënnerschrëften (07.06.2011)Trennung.lu gëtt hier Petitiounslëscht un de Chamberpresident weider. Eng Orientéierungsdebatt mat Suitten? |

Äre Commentaire