D'Pensiounsreserven an d'Kris: Perte jo, mee och Rendement

RTL - 17.10.2008, 17:41 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.10.2008, 09:11

D’Pensiounsreserven hunn net ënnert der Finanzkris gelidden. Et gouf Perten awer de Rendement vun der SICAV ass global positif.

D’Pensiounen goufe besonnech diversifiéiert ugeluecht, heescht et vum Ressortminister an der Privatbeamtepensiounskees, fir de Risiko Suen ze verléieren zu wäit wéi méiglech ze streen. Op den 19. September sinn 5,8 Milliarden Euro iwwert eng SICAV investéiert ginn. 75% a Geldmaartfongen, 21% an Obligatiounen a 4% an Aktien. A bei den Aktien waren am September 67 Millioune manner Rescht wéi déi Suen di investéiert goufen. De Rendement vun der SICAV ass am ganze gekuckt awer 136 an eng hallef Millioun positiv.

A well d’Aktien net haut a muer verkaf musse ginn fir Suen ze kréien, rechnen déi Responsabel domadder, datt och dës Perte nees kompenséiert gëtt. De leschte Previsiounen no, ginn d’Suen vun de Pensiounsreserven eréischt an 10 Joer gebraucht.