Feier an enger Scheier zu Krëschtnech: Kee Mënsch blesséiert
RTL - 06.09.2011, 06:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.09.2011, 11:40
Géint 4 Auer um Dënschdegmoien huet et zu Krëschtnech an enger Feldscheier gebrannt. Wéi d'Pompjeeën ukoumen, stoung eng Säit vun der Hal a Flamen.

D'Pompjeeën haten d'Feier awer direkt ënner Kontroll an et ass kengem eppes geschitt. De Schued hält sech an Grenzen.
Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Waldbëlleg, vun Hiefenech, aus der Fiels a vu Konsdrëf, souwéi d'Ambulanz aus der Fiels.

Wat d'Uersaach vum Feier ass, ass nach net gewosst. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.
