Donneschdeg, 02. September 2010

National News

France 2 iwwer Lëtzebuerg: Reaktiounen a Géigereaktiounen

RTL - 23.10.2008, 16:29 - Fir d'lescht aktualiséiert: 24.10.2008, 22:48

E Reportage op France 2 iwwer Lëtzebuerg huet héich Wëlle geschloen. De Premier hat sech beschwéiert, mee eng prompt Entschëllegung gouf och kritiséiert ..

De Reportage, dee France 2 de leschten Dënschdeg virun engem Interview mam Premier Jean-Claude Juncker gewisen huet, schléit nach ëmmer héich Wëllen.

Et sollt sech dobäi jo em eng Enquête iwwert "Luxembourg et son image de paradis fiscal" handelen, mee dat Zil gouf verfeelt - zumindest zu Lëtzebuerg, wou de Reportage fir vill Opreegung gesuergt huet.

Net nëmmen, datt sech de Premier live op France 2 iwwer dee Bäitrag beschwéiert huet, den Dag dono huet sech France 2 dofir och offiziell entschëllegt.

Déi franséisch Journalistenassociatioun SDJ an zwou Gewerkschaften hunn doropshin d'Directrice générale adjointe vu France2 schaarf kritiséiert a bedauert, datt d’Arlette Chabot sech schrëftlech beim Premier Jean-Claude Juncker wéinst dem Reportage iwwert de Lëtzebuerger Bankesystem entschëllegt huet.

De Reportage wier weder verleumderech nach inexakt gewierscht an hätt och keng falsch Informatioune verbreed, sou d’SDJ an engem Communiqué. D’Excuse wiren net ze justifiéieren a géifen Zweifel um Professionnalismus vun der Redaktioun vu France2 opkomme loossen. D’Roll vun enger Directrice de l’information géif an éischter Linn doraus bestoe, sech hannert d’Rekatioun ze stellen amplaz ze dénocéieren, sou déi franséisch Société de journalistes an déi zwee Syndikater.

Inacceptable, indigne, irresponsable, diffamatoire

Schonns en Donneschdeg hat d'Finanzkommissioun vun der Chamber eng "Prise de position du Parlement luxembourgeois" opgesat, déi et nawell a sech huet:

"La Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg tient à protester vigoureusement contre la manière dont a été présentée la place financière luxembourgeoise au cours du journal télévisé de 20 heures daté du 21 octobre 2008 sur France 2. Elle s'insurge particulièrement contre le reportage, la soi-disant “enquête” et sa mise en images, introduisant l'interview du Premier Ministre M. Jean-Claude Juncker. L'amalgame qui y a été fait entre “paradis fiscal”, “blanchiment d'argent” et “secret bancaire” est à ses yeux inacceptable et indigne d'un organe d'information qui se veut sérieux en général et d'une chaîne de service public en particulier. Il est par ailleurs irresponsable, voire diffamatoire dans la mesure où il suggère aux téléspectateurs de France 2 une image de la place bancaire qui ne correspond d'aucune manière à la réalité.

De façon plus générale, la Chambre des Députés récuse toute insinuation visant à discréditer le Grand-Duché de Luxembourg et sa place financière. Elle dénonce toute tentative d’établir une relation quelconque entre la crise financière actuelle et les activités développées par le secteur financier luxembourgeois, ce dernier n’étant de toute évidence pas à l’origine de la crise qui préoccupe le monde entier."

Reaktioune vu Parteien

En Donneschdeg hunn och d'CSV an d'adr op de France2-Baitrag reagéiert.

D'CSV seet sech besuergt iwwer déi tendenziéis an diffaméierend Berichterstattung. Et wiere Saachen aus hirem Kontext gerappt ginn, ob bewosst oder net ... An d'CSV stäipt och dem Premier de Réck.

D'adr ass der Meenung, datt een d'Bankgeheimnis verdeegegen a stäerken sollt a géint ongerechtfäerdegt Uschëllegunge protestéiere misst. Si appelléiert un d’Regierung, et der Schwäiz nozemaachen, an d’Ambassadeuren aus Däitschland a Frankräich ze convoquéiren.

De Lëtzebuerger Ambassadeur bei der OECD misst sengersäits kloer stellen, datt d'Glaafwiérdegkeet vun dëser Organisatioun um Spill steet. Vläicht missten esouguer finanziell a personalpolitesch Konsequenzen an der OECD geholl gin.

A wat soen se an der Lorraine zu deem Ganzen?

Dee kritesche Reportage op France 2 iwwert d’Lëtzebuerger Finanzplaz huet och an der franzéischer Lorraine fir vill Onrou gesuergt. Lëtzebuerg wor an deem Reportage jo als Steierparadies duergestallt ginn.

Dat huet ville Leit an der Lorraine net gefall. Well et hänke vill franzéisch Aarbechtsplaze vun der Lëtzebuerger Finanzplaz of.

De Claude Biwer, Buergermeeschter vun deem klengen Duerf Marville/Meuse (553 Awunner), ass als Sénateur zu Paräis zoustänneg fir déi grenziwwerschreidend Relatioun. A fir d’Lorraine, seet hien, sinn d’Relatioune mat Lëtzebuerg extreem wichteg. Virun allem, wéint den Aarbechtsplazen am Grand Duché. Vun den 130.000 Frontaliersen, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, si ronn d’Halschent aus Frankräich. Vill vun hinnen hunn déi franzéisch Attack op d’Lëtzebuerger Finanzplaz als nët ganz glécklech emfonnt.

De Claude Biwer betount dann och, dass hien, als Buergermeeschter an als Sénateur, nëmme gutts iwwert d’Lëtzebuerger Finanzplaz ka soen. Hien hofft, dass déi ganz Affär kee langfristege Schued verursaacht huet, an ass zouversichtlech, dass déi ganz Opreegung nees séier wäert eriwwer sinn.


2. Sep 18:19  BNP Real Estate: Taux de Vacance bei Bürosgebaier héich
2. Sep 16:16  Lokales: Auto a Gruef tëscht Garnech a Wandhaff, Mann voll
2. Sep 16:03  Vermësst zënter 25. August: Belo Simoes Abreu Luis Cesario
2. Sep 15:10  Tunnel Houwald: Aarbechte lafe wéi geplangt, sou P&Ch
2. Sep 12:19  SES-Astra: 3D-Tëlee mat manner techneschem Opwand
2. Sep 11:42  Integration durch Austausch: IdA Programm och zu Lëtzebuerg
2. Sep 11:29  Lokales: Déidlechen Accident en Donneschdeg op A1
2. Sep 11:25  Lokales: Automobilistin mat 151 amplaz 70 km/h ënnerwee
2. Sep 10:20  Iechternach/Manertchen: Auto mat Päerd zesummegestouss
2. Sep 08:01  Staatsbudget: Optakt vun de Beichtstullgespréicher
1. Sep 18:00  Lokales: Fra erstach bei Familljesträit zu Esch e Mëttwoch
2. Sep 07:58  Lokales: 3 Blesséierter bei Accident zu Bierchem/Béiweng
2. Sep 07:42  Lokales: D'Stater Pompjeeë waren direkt 3 mol am Asaz
1. Sep 16:28  Bilan Karschnatz: 20% Abousse am Verglach mat 2009
2. Sep 07:30  Wäiswampesch: Drénkwaasser gespaart den 2. September
31. Aug 18:54  Streck Briddel-Stroossen: Wéint Chantier 3 Deeg zou vum 2/9
1. Sep 17:54  Lokales: 4 Liicht Blesséierter bei Accident op A13
2. Sep 07:30  DGB: Däitsch Kritik u Lëtzebuerger Kannergeld-Mesure
1. Sep 13:46  Lokales: Zu Esch huet eng Spillplaz gebrannt
1. Sep 13:42  ADR: Neien Agrarzenter Jo, mä net egalwou an egalwéi!
1. Sep 13:42  Aarbechtsaccident zu Klierf: Fangerkëppchen ofgetrennt
1. Sep 13:41  D'Inflatioun ass am August op 2,2% zréckgaang
1. Sep 13:40  Lokales: Zu Iechternach ass an eng Gäertnerei agebrach ginn
1. Sep 13:16  De Robert Biever ass elo offiziel Procureur Général
1. Sep 12:00  Meteo: Den August war en extrem naasse Mount
1. Sep 12:00  Reform bei der Douane: Gewerkschaft nëmmen zum Deel averstan
1. Sep 13:20  driving.lu an habiter.lu elo och um Site vun RTL
1. Sep 11:13  Zeienopruff: Porsche geklaut zu Péiteng e Mëttwochmoien
1. Sep 09:06  D'ASTI warnt viru falsche Sue-Sammler déi ënnerwee sinn
1. Sep 08:20  Nei eenheetlech grenziwwerschreidend Tariffer op Buslinnen
31. Aug 22:58  Findel: Accident vun engem Privatfliger um Dënschdegowend
31. Aug 17:52  Accident tëscht Eiter a Bus: Schwanger Fra blesséiert
31. Aug 16:07  Ausweisung vu serbescher Famill offiziell confirméiert
31. Aug 15:00  Aarbechte vun der Sotel illegal, sou Greenpeace
31. Aug 13:21  Gratis Nohëllefscoursen vum CPOS fänken den 1. September un
31. Aug 12:58  Lokales: 2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Dënschdegmoien
31. Aug 12:14  Iceland Express: Keng Vole méi vu Lëtzebuerg op New York
31. Aug 11:30  Virun 68 Joer: D'Lëtzebuerger soten de Nazien "Nee"
31. Aug 07:20  Bréissel: De Jean-Claude Juncker war beim Herman Van Rompuy
31. Aug 01:12  Lokales: Schwéieren Accident um Blvd. JFK um Kierchbierg
30. Aug 07:27  Stater Geschäftsverband: Gutt Braderie, net super wéi 2009
10. Aug 17:05  Pakistan brauch Hëllef: Spendenopriff zu Lëtzebuerg

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.

RTL Shopping
BabyCenter
Babycenter