Agrarzenter Kolmer-Bierg: Lescht Wuert nach net geschwat

RTL - 16.09.2011, 06:32 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.09.2011, 06:44 | 7 Commentaire(n)

Och zu Kolmer-Bierg ass dat lescht Wuert a Saachen Agrarzenter nach net geschwat. De Buergermeeschter wëll e Referendum organiséieren.

De Buergermeeschter Fernand Diederich, dee vun Ufank un géint de Projet war, wëll e Referendum iwwert déi geplangte Filial vum Verband organiséieren, dat sot den LSAP-Politiker dem Tageblatt en Donneschdeg. De Gemengerot hat d'Modificatioun am PAP Mëtt Juni mat enger ganz knapper Majoritéit vun nëmme 4 Stëmmen, enger Enthalung an zwou Géigestëmmen ugeholl. De Buergermeeschter selwer hat wéi gesot dergéint gestëmmt an hat een Ament souguer ugekënnegt net méi mat an d'Wahlen ze goen.

Den 9. Oktober, ginn nëmmen nach zwee vu de 4 Supporter vum Agrarzenter bei de Wahle mat, a wann ech gesinn datt dëse Projet d'Gemeng iwwer Joerzéngten hypothekéiert, kann ech net méi roueg sëtzen, mengt de Fernand Diederich an der Zeitung.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!