Ökofoire: Gepeffert Ouverturesried vu Mouveco-Presidentin

RTL - 16.09.2011, 17:58 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.09.2011, 19:01 | 7 Commentaire(n)

E Freidegmëtteg war déi offiziell Ouverture vun der Ökofoire an der Luxexpo. De Mouvement Ecologique huet de Premier kritiséiert a puncto Agrarzenter.

Fir unzefänken gouf e klengen witzege Videoclip gewisen, an deem ee Papp mat sengem Bouf ze gesi war, déi zesummen e Boomerang fort geschoss hunn. No e puer Sekonnen ass deen zréck geflu komm, dem Bouf riicht an d'Gladder. De Video soll op dës Manéier weisen, dass alles wat ee mécht och Konsequenzen op déi Generatioun hannendrun huet.

An der gepefferter Ouverturesried huet d'Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber dunn och nach emol kräfteg op d'Politik zu Lëtzebuerg geklappt, a vill Mëssstänn ervir gehuewen. Dobäi goung et och ëm den Agrarzentrum, dee jo lo zu Perl an Däitschland gebaut gëtt. Mat virbäi an der Lëscht vun de Kritiséierten war de Premier Jean-Claude Juncker.

 AUDIO: D'Blanche Weber »



Do donieft huet d'Blanche Weber och den nei gegrënnten Nohaltegkeetsministère kritiséiert. Obwuel dee Ministère sech ëm d'Nohaltegkeet këmmert, hätt nohalteg Entwécklung an der Regierung u Stellewäert verluer. Als Beispill huet d'Blanche Weber de geplangte Contournement vu Käerjeng genannt.



Den Nohaltegkeetsminister Claude Wiseler huet dunn awer geäntwert, dass een duerch d'Schafe vun deem Nohaltegkeetsministère vill méi erreecht hätt, wéi wann déi eenzel Ressorten nach net ënnert een Hutt géife falen.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!