Auto ënner Trakter zu Freckeisen: Kee Blesséierten
RTL - 27.09.2011, 06:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.09.2011, 09:04
Vill Chance haten 3 Leit e Méindeg am fréien Owend déi zu Freckeisen um 17.15 Auer mat hirem Auto ënnert en Trakter gerode sinn.

De Chauffeur war zimlech schëtzeg ënnerwee an hat d'Kontroll verluer. Deenen 3 Persounen am Auto ass wéi gesot net vill geschitt. Si konnte mat liichte Blessuren erausgeholl ginn. Den Auto war duerch d'Oprall bis bei d'Fënster ënnert dem Trakter agedréckt ginn a beim Trakter ass déi fiicht Achs ewechgebrach,
Accident dann um 20.00 Auer op der Lauterbour op der Héicht vun der Kräizung op der Lëtzebuerger Strooss a Richtung Scheedgen. Do sinn zwee Autoen ass net gekläerter Ursaach aneneegerannt. 3 Persoune goufe liicht blesséiert a mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht.
A géint 22.30 Auer hat en Automobilist engem aneren am Zentrum vun Iechternach op der sougenannter Knepper-Kräizung d'Virfahrt geholl. D'Luuchten funktionéieren iwwregens den Ament do net. Et ass kee blesséiert ginn, ma de Materialschued ass net kleng, wéi déi Responsabel aus dem Centre d'interventioun vun Iechternach schreiwen.
Zu Stroossen war géint 21.00 Auer eng Persoun an engem Accident blesséiert ginn.
