Piratepartei wëll 2014 een Deputéierten an der Chamber hunn
RTL - 30.10.2011, 10:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.10.2011, 12:40
D'Piratepartei, déi eréischt virun zwee Joer gegrënnt gouf, huet kloer Ziler. Si wëll sou séier wéi méiglech an all de Bezierker präsent sinn.

D'Piratepartei wëll et bei den nächste Parlamentswahlen an d'Chamber packen. Dat soten déi Responsabel vun der Partei op hirem Nationalkongress zu Waasserbëlleg. D'Partei stécht den Ament nach an de Kannerschong. Dat soll sech awer ganz geschwënn änneren. Mat Bléck op de Succès vun der Schwësterpartei an Däitschland, wëll ee sech sou séier wéi méiglech eng programmatesch Linn ginn. Dat wor ee vun de Message um Nationalkongress vun der Piratepartei Lëtzebuerg. Et wëll een och méi no bei de Bierger, sot de Parteipresident Sven Clement an senger Interventioun.
D'Piratepartei, déi eréischt virun zwee Joer gegrënnt gouf, huet kloer Ziler. Si wëll sou séier wéi méiglech an all de Bezierker präsent sinn an sech weider ausbauen. Aktuell zielt d'Partei 168 Memberen. Bei de Chamberwahlen 2014 wëllen d'Piraten op mannst 2% vun de Stëmme kréien, fir dee Moment och vun der Staatlecher Parteiefinanzéierung kënnen ze profitéieren. Ee weidert Zil ass no de Wahlen am Juni 2014 wéinstens een Deputéierte vun der Piratepartei um Krautmaart sëtzen ze hunn. De fréiere President vun der ADR-Jugendsektioun Adrenalin Andy Maar ass iwwregens neien Tresorier bei der Piratepartei.Nationalkongress Piratepartei (29.10.2011)D'lëtzebuerger Piratepartei hat haut hiren zweeten Nationalkongress. |
