Positive Bilan fir Science Festival: Bal 11.000 Visiteuren

RTL - 13.11.2011, 08:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.11.2011, 06:25 | 7 Commentaire(n)

Déi 8. Editioun vum Science Festival am Gronn war nees e grousse Succès: Alles an allem goufe bal 11.000 Visiteuren iwwert déi 4 Deeg gezielt.

Auteur: Dany Thielen
Organiséiert gëtt de Science Festival vum "natur muséee" (Musée national d'histoire naturelle) an dem "Fonds National de la Recherche" - an déi zéien um Sonndegowend ee ganz positive Bilan:

An den zwee éischten Deeg sinn 3.439 Kanner aus der Grondschoul an dem Secondaire passéiert, fir un den iwwer 60 Atelieren deelzehuelen.

De Weekend duerft dann och de Public sech e Bild vum Festival vun Wëssenschaft maachen a ronn 7.500 hunn dovunner profitéiert - virun allem Familljen.

Domat kënnt de Science Festival 2011 op een Total vun 10.939 Persounen, eng Hausse vun 21,5 Prozent par rapport zu 2009. Déi nächst editioun ass fir November 2013 geplangt.


Science Festival 2011 (12.11.2011)
Fir de Public de Weekend vum 12. an 13. November an der Abtei Neimünster.



Eng Reportage vum Dany Thielen

Vum leschten Donneschdeg bis e Sonndeg ass déi 8. Editioun vum Science Festival am Centre Culturel Neumünster gelaf. Waren en Donneschdeg an e Freideg Schoulklassen dohin invitéiert, esou waren um Weekend d'Dieren op fir de Public. D’Dany Thielen huet sech ënnert déi jonk Fuerscher gemëscht gehat.


Wa Physik, Mathé a Chimie op eemol déi Klengst vun deene Klenge begeeschteren an dee gréissten Zappelphilipp op eemol roueg a mat oppenem Mond nolauschtert, dann ass nees Science Festival an der Abtei Neumünster am Gronn.

60 Atelieren

Op dësem Fest vun der Fuerschung, dat 1995 am Kader vum Kulturjoer déi éischte Kéier organiséiert gouf, gëtt et dann och esou Munches ze entdecken a virun allem och selwer ze erfuerschen. Roueg sëtzen an nolauschteren ass hei net néideg, ganz am Contraire, Froe stellen a selwer Saachen ausprobéieren ass an alle 60 Ateliere méi wéi erwënscht.


Science Festival 2011 (12.11.2011)
Fir de Public de Weekend vum 12. an 13. November an der Abtei Neimünster.



Fuerscher queesch duerch de Gaart vun der Wëssenschaft ginn de Kanner ganz spilleresch Ablécker an déi Themen, un deenen si grad schaffen a sou kommen déi Jonk ganz ouni Beréierungsängscht a Kontakt mat Themen, virun deene mir Erwuessener wuel éischter Respekt hätten: Cryptologie, Elektronik, Mathematik, Physik ...

Schallwellen, déi ee gesäit, an e Roboter, dee Basket spillt

Dem Tom huet awer net just d’Experimentéieren am Elektronikworkshop a bei de Mathematiker Spaass gemaach, mä hie war virun allem vun der interaktiver Physik-Show begeeschtert: "Ech war vun de Schallwelle faszinéiert, déi siichtbar gemaach gi sinn, well ech do eppes gesinn hunn, wat ech awer net konnt beréieren."

Ee Roboter, dee Basket spillt a selwer Kierwercher ka schéissen, deen hat dem Lars et ugedoen. De Lars war och scho méi dacks mat senger Mamm um Science Festival, "well", wéi seng Mamm präziséiert, "et ganz interessant a virun allem kannergerecht erkläert an encadréiert ass". An och dem Tom sengem Papp ass et wichteg, dass säi Fils Physik a Chimie emol aus enger anerer Perspektiv gesäit a net just op der Tafel an an de Bicher.

E Käfeg géint de Blëtz

Och wann d’Workshope sech u Kanner riichten, sollen si awer sou realitéitsno wéi méiglech sinn. An dofir ass de Guy Schintgen dëst Joer och beim Workshop "voltissimo" mat am Boot. Hien war an der leschter Editioun als Visiteur vum Science Festival an dem geléierten Ingenieur war opgefall, dass een de Prinzip vum faradayesche Käfeg nach méi realitéitsno kéint weisen. Elo erkläert hien de Kanner dëse Prinzip unhand vun engem Haischen, dat mat enger detailgetreier Blëtzschutzanlag equipéiert ass. Rondrëm d'Haische goufe metallen Dréit ugemaach, et ass faradayesche Käfeg. Gëtt e Blëtz ausgeléist, deen an d'Haischen aschléit, gëtt de Stroum an de Buedem geleet. Sinn déi metallen Dréit net do, fänkt d’Haischen zur Begeeschterung vun de Kanner Feier. E bësse Show muss dann awer sinn...

De But vum Science Festival ass et, déi Jonk fir d’Wëssenschaft an d’Technik ze interesséieren an awer och de Fuerscher d’Méiglechkeet ginn, hir Aarbecht engem méi largë Public ze presentéieren, sou de Patrick Delhalt, deen de Science Festival fir de "natur musée" koordinéiert. De Festival gëtt dohier zesumme mam Fond national pour la recherche organiséiert. "Et ass eng och Vitrine fir d’Centres de recherche a fir d’Uni", seet de Patrick Delhalt.
 
Et sinn awer och Lycéeë präsent. De Computarium-Grupp vum Lycée classique vun Dikrech weist, wéi sech d’Computeren am Laf vun de leschte Jorzéngten entwéckelt hunn. D’Florence hëlleft scho fir d'zweet um Science Festival a weist deene Jonke vun haut, wéi d’Computerspiller fréier ausgesinn hunn. "Deemools war d’Grafik nach vill méi pixeleg, et konnten nach keng Kreesser um Computer duergestallt ginn. D’Kanner si faszinéiert ze gesi, wéi eng Spiller hir Elteren als Jonker gespillt hunn a si kënnen dës Spiller dann och direkt bei eis ausprobéieren."

De Science Festival gëtt am Rhythmus vun 2 Joer organiséiert. Rendez-vous also 2013!
 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!