Fraiheet.lu: 696 Demanden, fir aus der Kierch auszetrieden
RTL - 18.03.2009, 16:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2009, 08:19
D'Organisatioun Liberté de Conscience huet dem Bistum de Mëttwochmëtteg ronn 700 Demande vu Leit, déi aus der Kierch austriede wëllen, iwwerreecht.

Am Äerzbistum krut de Generalvicaire Mathias Schiltz vun der Associatioun Liberté de conscience ronn 700 ënnerschriwwen Demanden, fir aus der Kierch auszetrieden, iwwerreecht.
D'Libco hat, zesumme mat sokrates.lu, virun engem décke Mount den Internet-Site Fraiheet.lu ageriicht, ebe fir Leit, déi net méi Member vun der kathoulescher Kierch wëllen sinn, bei der praktescher Démarche ze hëllefen.
De Succès vun der Actioun huet die Responsabel selwer iwwerascht.
A wéi huet de Generalvicaire réagéiert? D'Fro un de Jérôme Faber, den Initiateur vu Fraiheet.lu: Et wier ee "pragmatesch" an "ouni Problemer" empfang ginn an datt "keng Pauken an Trompeten" do waren, wier jo verständlech, well wa Scheewercher engem Trapp äddi soen, wier ee jo net frou ...
|
D'Press war vu Säite vum Bistum bei der Iwwerreechung vun de 696 Demanden iwwregens onerwënscht.
