Accidenter: Vitesse, Alkohol a jonk Chaufferen d'Haaptgrënn

RTL - 20.11.2011, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.11.2011, 07:30

Traditionell gëtt um 3. Sonndeg am November un d'Affer vu Verkéiersaccidenter geduecht. D'Haaptgrënn vun Accidenter si Vitesse, Alkohol a jonk Chaufferen.

Dësen Dag gouf 1993 vu verschiddenen Associatioune vu Verkéiersaffer an d'Liewe geruff an ass zanter dem 26. Oktober 2005 weltwäit unerkannt a steet am Kalenner vun de Vereenten Natiounen. Thema dëst d'Joer steet ganz am Zeeche vum Joerzéngt vun der Verkéierssécherheet, dat den 11. Mee dëst d'Joer ugefaang huet. Den UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon huet an dem Kontext een Appel un all d'Regierunge gemaach, national Pläng fir dëst d'Joerzéngt auszeschaffen. Zil ass mat gemeinsamen Aktiounen déi weltwäit Zuel vun den Affer am Stroosseverkéier bis 2020 ze reduzéieren.

Am Kader vun der „Journée Mondiale du Souvenir des Victimes de la Route“ war e Sonndegmoien ëm véierel bis 11 eng Mass an der Kierch zu Miedernach a géint véierel bis 12 gouf  op der Gemengeplaz eng Gedenkzeremonie fir d'Affer vu Verkéiersaccidenter ofgehalen, dëst a Präsenz vum zoustännege Minister Claude Wiseler.

De Statec huet am Kader vum Weltgedenkdag eng Partie interessant Chiffren iwwert déi verschidde Kategorië vu Verkéiersaffer publizéiert. D'Corinne Folscheid huet donieft och beim President vun der Sécurité Routière nogefrot, wat nach ëmmer d'Haaptursaache vun de Verkéiersaccidenter sinn.

Mat Bedauere constatéiert de Paul Hammelmann, dass déi 3 Haaptursaachen nach ëmmer ze héich Vitesse, Alkohol an déi jonk Automobiliste sinn. Leider hätt sech dorun nach ëmmer net vill geännert, och wann een de Problem Alkohol schonn e bësse méi am Grëff huet zu Lëtzebuerg. Dat well, an dat ass kee Geheimnis, systematesch Kontrolle gemaach ginn a well een präventiv ganz staark aktiv ass. Elo muss en anere Phenomen méi intensiv bekämpft ginn,an dat ass dee vun der Vitesse.

De Statec hält fest, ass d'lescht Joer ee Motocyclist op zwee a praktesch ee Foussgänger oder ee Cyclist op dräi, déi Affer vun engem Verkéiersaccident gi woren, ganz uerg blesséiert goufen oder ëm d'Liewe koumen, géintiwwer 20% bei den Automobiliste respektiv Passagéier déi mat am Auto souzen. Am ganze goufen zejoert 810 Persoune bei Accidenter liicht blesséiert, 249 schwéier an 32 Persounen hunn d'Ongléck net iwwerlieft.

An der Haaptsaach sinn ëmmer nach jonk Chauffeuren an d'Accidenter verwéckelt, wat och d'Dramatik Verkéiersaccidenter ëmsou méi grouss mécht. Am Kontext mat de villen Accidenter mat décke Motorieder zu Lëtzebuerg, gouf festgestallt, datt et net déi Jonk, mä do sinn och eeler Semester dobäi, déi sech meeschtens selwer Schued gemaach hunn.

D'Zuele vum Statec weisen, dass eng grouss Unzuel vu Jonken tëscht 18 a 24 Joer an Accidenter verwéckelt sinn, si maachen iwwer 22% aus, duerno kënnt d'Alterstranche tëscht 25 a 34 Joer déi iwwer 25% ausmécht. Op der Säit vun den Affer presentéiert sech een ähnlecht Bild. Besonnesch a Gefor sinn awer nach ëmmer d'Foussgänger, seet de President vun der Sécurité Routière Paul Hammelmann.

Et hätt een eng ganz Rei vun sou Accidenter, besonnesch innerorts mat Foussgänger festgestallt, awer och e méi rezente Phenomen - mat Cyclisten. An et ass och do, wou de Kierperschued am gréissten ass.

A Frankräich an och an der Belsch gëtt et ee Gesetz, dat festhält, datt jonk Kanner an och eeler Leit net méi zur Responsabilitéit gezu ginn, wann si an een Accident verwéckelt sinn, un dem si mat oder ganz schold sinn. Dat heescht si ginn integral indemniséiert. Hei zu Lëtzebuerg gëtt den Ament un engem Avant Projet de Loi geschafft, deen an déi Richtung soll goen, wéi de Paul Hammelmann nach sot. 

 AUDIO: De Commentaire vum Paul Hammelmann »


Do besteet eng Fuerderung vun der Association des victimes de la route, och zu Lëtzebuerg wier een amgaang u sou engem Gesetz ze schaffen. Den Ament ass et sou, dass een hei zu Lëtzebuerg zum Beispill als Foussgänger oder als Cyclist zu engem Deel Haftbar ass, wann ee mat Schold ass un engem Accident. Dee Moment gëtt vum Geriicht ee „partage de responsabilité“ gesprach. A Frankräich zum Beispill gi Kanner an eeler Leit iwwert de Wee vun der sougenannter „Loi Badinter“ (benannt nom fréiere franséische Justizminister Robert Badinter) integral indemniséiert.

Punkteführerschäin gëtt iwwerschafft

Den Transportminister Claude Wiseler sot e Sonndeg am Kontext vum Gedenkdag, datt de Punkteführerschäin amgaang ass iwwerschafft ze ginn.

Vill ze dacks wieren nämlech Alkohol an ze héich Vitesse Schold un den Accidenter. D’Changementer sollen Enn des Joers, Ufank d'nächst Joer an de Regierungsrot an duerno séier op den Instanzewee kommen.


Weltwäit gouf Haut den Affer vu Verkéiersaccidenter geduecht (20.11.2011)
Vitesse, Alkohol, de jonken Alter. D'Haaptgrënn firwat Mënschen op de Lëtzebuerger Stroossen stierwen, uerg blesséiert ginn. Reagéieren, géif d'Politik ze lues.