"Wat solle mir schaffen, mir komme jo souwisou duerch!"
RTL - 31.03.2009, 13:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.04.2009, 21:08 | 44 Commentaire(n)
Promotiouns-Critèren: 617 Enseignanten aus dem Secondaire Technique hunn der Edukatiounsministerin een oppene Bréif geschriwwen. Déi ass iwwerrascht ...

An deem Bréif fuederen d'Enseignanten, dass déi aktuell Promotiouns-Kritèren op den ënneschte Klassen (déi scho méi dacks a fir d'lescht 2005 ugepasst goufen) nees geännert ginn.
Et kann een den Ament effektiv zwou, och déck, Datzen, a wichtege Fächer hunn an da packt ee säi Joer, ouni richtege Noexamen awer nach an dat ass net normal, seet de President vum Proffecomité aus dem LTNB, den Yves Schmartz.
Kompenséiren JO awer op engem méi héige Niveau, dat ass d'Fuederung vun deene 617 Enseignanten. Den Titel vun hirem Bréif ass dann och: „Wat solle mir schaffen, mir komme jo souwisou duerch!"
Grondtenor doran: D'Schüler kréien et zevill einfach gemeet a profitéiren dovunner, wat emol kee Reproche u si, mee un de System ass. Wien net muss léieren, dee mécht et och dacks net ... Zitat: "C'est un secret de polichinelle que de nombreux élèves négligent les branches 'qu'ils n'aiment pas trop' et se contentent du minimum strictement nécessaire pour passer en classe supérieure."
D'Konklusioun vun deene 617 Enseignanten an hiorem Bréif: "Après une évaluation sérieuse de la situation actuelle, nous exigeons un changement des critères de promotion en vigueur, le but de la compensation étant à nos yeux de pallier une légère insuffisance dans une branche pour de bons résultats dans les autres. Il faut alors relever le 'seuil de compensation' à un niveau raisonnable!"
D'Edukatiounsministerin Mady Delvaux-Stehres ass ganz iwwerrascht iwwert deen oppene Bréif, dee 617 Enseignanten aus dem Secondaire technique u si geschéckt hunn. An "u si" ass am Fong net richteg, well d'Press huet de Bréif kritt, d'Ministerin selwer awer net ... oder nach net.
Iwwerrascht ass d'Mady Delvaux, well dee Problem net nei ass a schonn zanter enger Zäit Diskussiounen doriwwer lafen.
Et goufe scho vill Diskussiounen an et gi mat Sécherheet och Ännerungen, d'nächst Schouljoer nach net, mee d'Promotiouns-Critère gi mam Aféire vum kompetenz-orientéierten Unterricht, deen op 7ème scho getest gëtt, agefouert ...
Et ass och net esou, seet d'Edukatiounsministerin, dass elo hei am Land jiddereen duerchkënnt, dass een sech mat deene Promotiounscritèren net méi ustrenge misst. Dofir léisst si d'Kritik un den "travaux de remédiation" an "de révision" net gëllen. Et gëtt jo kee richtegen Noexamen, mee eng Aarbecht an der Vakanz, duerch déi een awer net duerchfällt.
An: Et géif kee Land, wou net ka kompenséiert ginn. Dat alleng wier also net schlecht. Allgemeng misst awer vläicht d'Léier- an d'Schaffkultur zu Lëtzebuerg änneren.


Äre Commentaire