D’Logistikfirma Logwin kéint ganz opkaaft ginn.

RTL - 02.11.2008, 15:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.11.2008, 20:06

D’Logistikfirma Logwin, déi fréier Thiel Logistik an 8.700 Beschäftëgten a 44 Länner ass ganz déif an d’rout Zuelen gerëtscht a kéint ganz opkaaft ginn.

Am drëtten Trimester huet Logwin mat Sëtz zu Gréiwemaacher 98 Milliounen Euro ofgeschriwwen, an domadder läit d’Resultat viru Steiren an Zënsen fir dëst Joer bis elo bei -73 Milliounen Euro. Ouni déi Amortissementer wier ee Bénéfice vu 25 Milliounen eraus komm

Zejoert hat déi Lëtzebuerger Entreprise nach an den éischte 9 Méint ee Bénéfice vun 1,4 Milliounen Euro gemaach.

Den däitschen Entrepreneur Stefan Quandt , deem souwisou schonn 53,7% vum Kapital gehéiren, wëll déi fréier Thiel Logistik elo ganz opkafen. Hie bidd den Aktionnairen 1 Euro a 55 Cent pro Aktie, ee Freiden goufen déi Tittren mat nëmmen 64 Cent gehandelt.

Wann hie Logwin fir ronn 81 Milliounen Euro ganz opkeeft, wëll hien déi Lëtzebuerger Entreprise eventuell ganz vun der Bourse huelen fir esou och Käschten ze spueren.

Logwin ass, dem Stefan Quandt no eng strukturell gesond Firma, déi och eng Zukunft hätt. De Quandt huet ënnert anerem 17,4 Prozent vum Kapital vu BMW a seng Famill ass dee gréissten Aktionär beim Münchner Autos-Konstrukteur.