Wäermsten Dag vum Joer: Schwämmen iwwerfëllt
RTL - 20.08.2012, 06:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.08.2012, 15:17 | 1 Commentaire(n)
Wäermsten Dag vum Joer: D'Piscinne vun Uewerkuer an Diddeleng waren absolut iwwerfëllt a konnte keng Leit méi eraloossen.

Net verwonnerlech, dass alleguerten déi Leit, déi den Ament am Grand-Duché sinn, sech an der Schwämm ofkille wollten.
Aus deem Grond war dann och den Undrang an den oppenen Piscinnen extrem grouss... ze grouss esouguer.
Ëm 15.30 Auer e Sonndeg de Mëtteg koum de Communiqué vun der Police, an deem matgedeelt gouf, dass d'Schwämme vun Uewerkuer a vun Diddeleng hir Dieren fir d'Visiteurë vun deem Moment un zou hätte well se deelweis schonn iwwerfëllt waren.
Mam schéine Wieder déi lescht Deeg a Wochen ass och d'Zuel vun den Accidenter an d'Luucht gaangen, an déi och Motocycliste verwéckelt waren. Wéi all Mount féiert d'Police dann och dës ganz Woch nees eng Campagne, fir méi Sécherheet op de Stroossen. An deem Kontext ginn dann och nees verstäerkt Kontrolle gemaach. De Schwéierpunkt vun der Campagne läit dës Kéier op ze héijer der Vitesse an den Agglomeratiounen.

Äre Commentaire