Europäesch Cour des Comptes: Weideren Ausbau néideg

RTL - 07.05.2009, 12:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.05.2009, 08:59

Den europäesche Rechnungshaff um Kierchbierg gëtt ausgebaut: Buroen mat 21.000 Quadratmeter fir knapp 500 Mataarbechter a fir 79 Milliounen Euro.

Déi Europäesch Cour des Comptes huet den Donneschdegmoien hire Bilan vum leschte Joer presentéiert an de Projet vun der Extensioun vun de Gebailechkeeten um Kierchbierg, deen dëse Summer ufänkt.

Den Ament ass den Europäeschen Rechnungshaff iwwer 5 Gebaier - haaptsächlech iwwert de Kierchbierg - verspreet. Wann elo ausgebaut gëtt, well neit Personal bäikomm ass a bäikënnt, kann alles op engem Site regroupéiert ginn, seet de Lëtzebuerger Vertrieder op der Europäescher Cour de Comptes, den Henri Grethen.

 Den Henri Grethen iwwert den Ausbau: »


Den 1. Juli fänken d'Aarbechten un. D'Terrassements-Aarbechte sollen dëst Joer fäerdeg ginn an am Ganzen sinn 3 Joer geplangt, éier d'Personal an déi nei Büroen ka plënneren.