Accident tëscht Conter an Izeg: Fra gouf liicht blesséiert

RTL - 23.01.2012, 12:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.02.2012, 15:33

Bei engem Accident tëscht Conter an Izeg, e Méindegmueren kuerz no 8.00 Auer, gouf eng Automobilistin liicht verwonnt.

© SIS Commune de ConternAuteur: Yves Schumacher
D'Fra, déi a Richtung Izeg ënnerwee wor, koum aus ongekläerter Ursaach vun der Strooss of, krut ee Bam ze paken an ass doropshin an de Gruef geschleidert ginn. Si koum mat engem Schreck a liichte Verletzungen dervun.

Op der Plaz woren déi lokal Rettungsequipen vu Conter an Hesper, d'Beruffspompjeeën mat enger Ambulanz an d'Police.