30/10/07
RTL - 30.10.2007, 13:09 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.05.2009, 13:10
2 Juegdbracken, e Ritt an eng Mudder, sinn op enger Juegd zu Buurschent fortgelaf. Beed Hënn sinn schwaarz mat wäisse Patten. Wien se gesäit, soll w.e.g. um Telefon 621-734 536 uruffen.
E schwaarze Mupp é Genre Puddel ass e Samschdeg zu Waldbriedemes fonnt ginn. Et ass eng Mudder a kann am Gasperecher Déierenasyl ofgeholl ginn. Telefon 48 13 13
Zu Huelmes ass é Kueder zougelaf. De Réck ass gro, brong a schwaarz gesträift, Baken, Bauch an déi véier Patten sinn wäiss. Telefon 30 58 50
E beige-brongen Hond, eng Zort Rehpinscher, ass zu Märel fonnt ginn. En huet e schwaarz-roude Collier mat enger Schell drun un. Telefon 250 280 1

