Déierequälerei zu Waasserbëlleg: Hënn brutal ëmbruecht
RTL - 27.01.2012, 12:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.01.2012, 12:57
Déierequälerei zu Waasserbëlleg: E Mëttwoch goufen an der Rue des Pépinières am Gaart vun engem Eefamilljenhaus zwee Hënn op bestialesch Manéier ëmbruecht.

Et wor e Mëttwoch de Moie géint 5.30 Auer, wéi d'Madame Rodriguez hir véier Shih Tzu Hënn eraus an de Gaart gelooss huet. Wéi zwee vun de Muppen no enger Zäitchen nach ëmmer net era woren, ass si eraus kucke gaang an huet déi schrecklech Decouverte gemaach:
Ee vun den Hënn, dee klenge Mogwai, war därmoossen hefteg gewiergt ginn, datt d'Aen aus dem Kapp waren. Déi Fotoen goufen awer net op Facebook gesat, dat wier ze grausam gewiescht. Och deem aneren Honn ass et net besser ergaangen. D'Fra ass mat den Hënn bei d'Doktesch gaang, déi confirméiert huet, datt d'Hënn net vergëft gi sinn, mä erwiergt.
Lo stellt sech natierlech d'Fro wien sou eppes Grausames mécht. D'Madame Rodriquez an hire Mann hunn ee Verdacht mä keng Beweiser. E Mann aus der Noperschaft hätt d'Déieren menacéiert, nodeems si gebillt haten. Dat hätten och aner Leit aus der Noperschaft matkritt. Déi Menace soll awer schonn een halleft Joer zeréck leien, sot eis d'Police.
Deen oder déi di dohannert stiechen, wore jiddwerfalls um Terrain vum Haus fir déi zwee Hënn ëmzebréngen. D'Police huet eis dann och gesot, dass op enger Plaz den Drot gebéit ass. D'Madame Rodriguez mengt, datt d'Täter zu 2 waren oder et war iergendeen, deen d'Muppe kannt huet.
Wien eventuell gesinn huet wat e Mëttwoch de Moien tëscht 5.30 an 7.00 Auer an der Rue des Pépinières zu Waasserbëlleg geschitt ass, kann d'Police vu Waasserbëlleg kontaktéieren.
