"Grp. Transport": Speditioune besuergt wéint Pëtrolspräisser
RTL - 22.02.2012, 17:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.02.2012, 18:03
Impakt vun héije Pëtrolspräisser op Speditounen: Den Alain Petry vum "Groupement Transport" gëtt ze bedenken, datt Camione ganz aner Quantitéiten tanken.

Eise Noperen hir Dieselpräisser ënnerbidde mer zwar nach ëmmer, an nawell spieren d'Speditiounen déi rezent Haussen. Den Alain Petry vum „Groupement Transport" gëtt ze bedenken, datt Camione ganz aner Quantitéite missten tanken ewéi Autoen.
Déi staark Präishausse bereeden dem nationale Speditiounssecteur och scho Suergen. Dat läit net dorunner datt et groussaarteg Alternativen zum Camionstransport ginn, mä vill méi datt et um Marché selwer en enorme Präisdrock gëtt.
Kontrakter, déi op e ganzt Joer gi berücksichtegen an der Regel, datt Spritpräisser kënne variéieren. De Gros vun de Kontrakter gëtt awer kuerzfristeg negociéiert, an do huet déi bëllegsten Offer natierlech déi beschte Kaarten, an déi kënnt ëmmer manner dacks aus Lëtzebuerg.
Den Alain Petry vun der CLC gesäit den Haaptgrond dofir an der osteuropäescher Konkurrenz. Deier Dieselpräisser hei am Land maachen eis Speditioune jiddefalls net onbedéngt méi kompetitiv.
Suergen och am Fleegesecteur
„Hëllef Doheem“ an „Help“ proposéiere bekanntlech eng Formule, déi de Leit et erméiglecht, doheem betreit ze ginn. An dat setzt viraus, datt d'Fleegepersonal mobil a flexibel muss sinn. Déi Konditioun erfëllt den Ament just den Auto.
Vill Kilometere kommen esou zesummen, dofir eegent sech den Diesel. Mä och deen ass den Ament alles anescht ewéi geschenkt. Am Verglach: Am Februar 2003 huet de Liter Diesel 65 Cent kascht, haut ass et ronn dat Duebelt. Bei engem grousse Fuerpark ass et evident datt de Spritpräis net egal ass, seet de Robert Oé vun „Help“.
„Help“ huet den Ament 640 Autoe geleast, an déi fueren 12 Millioune Kilometer am Joer. „Hëllef Doheem“ huet knapp 800 Autoen am Fuhrpark, déi zesumme 16 Millioune km d'Joer zeréckleeën. Dat ass esou vill wéi 4 mol ronderëm d'Welt, an den Ament zimlech deier seet och d'Nathalie Schmit.
D'Dieselpräisser hu sech och, vun do un datt et d'A.s.b.l Help gëtt, méi ewéi verduebelt. Fir ze kompenséiere gëtt och hei zënter Joere schonn, op ëmmer méi spuersam Gefierer gesat.
„Hëllef Doheem“ an „Help“ organiséieren och Fuertraininger, déi d'Personal léiere soll, spuersam ze fueren. Donieft goufe Projete mat Elektrogefierer a mat Vëloen an d'Liewe geruff. Den Ament féiert awer nach kee Wee laanscht den Dieselauto.
D'Kontrakter mat der Gesondheetskeess oder mat Privatcliente ginn awer ëmmer op e ganzt Joer negociéiert, an net am Laf vum Joer ugepasst, och net wéinst deieren Dieselpräisser. Dat heescht: Méi héich Ausgabe fir de Sprit ginn op Käschte vum Gewënn.
