Taxien: Stater Gemeng a Federatioun a meeschte Punkten eens
RTL - 27.01.2012, 16:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.01.2012, 09:27 | 19 Commentaire(n)
Reunioun Taxien: Souwuel de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel wéi och d'Federatioun sinn dofir, dass den Taxi méi bëlleg a méi ëmweltfrëndlech gëtt.

Um Freideg war eng Reunioun tëscht dem Buergermeeschter an der Federatioun, an där béid Parteien hire Point de Vue presentéiert hunn. Konkret Zuelen oder Virschléi gouf et vu béide Säiten awer net. An enger nächster Reunioun den 9. Mäerz wëll een Detailer aushandelen.
Taxi: méi bëlleg a méi ëmweltfrëndlech. Awer wéi? (27.01.2012)
Déi Responsabel vun der Gemeng Lëtzebuerg an d'Taxisfederatioun sinn sech es eenz: den Taxi soll méi attraktiv ginn. Ma wei, d'Präisser erof setzen?

Äre Commentaire