LSAP: Ried vum Luc Frieden ass eng Provokatioun
RTL - 07.02.2012, 06:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.02.2012, 07:34 | 83 Commentaire(n)
Lucien Lux, iwwer Ried vum Finanzminister: „Wann de Luc Frieden en anere Koalitiounspartner wëll, da soll en dat kloer soen“.

D’LSAP reagéiert op d’Aussoe vum Finanzminister Luc Frieden. Hien hat jo de leschte Samschden op der Journéee de l’Ingenieur d’Tripartite an hirer aktueller Form an de Mindestloun a Fro gestallt a weider strukturell Reformen an Aussiicht gestallt.
Den LSAP Exekutivcomité betount an engem Kommuniqué, dass d’Tripartite sech als Kriseninstrument bewäert huet an dofir och an Zukunft eng wesentlech Roll spille misst fir de soziale Fridden z’erhalen.
D’Reaktioun vum LSAP Fraktiounschef Lucien Lux um Dënschdeg ass méi gepeffert. Hie freet sech op de Luc Frieden, vläicht duerch seng vill Visitten am Katar vun deem Modell verblent gouf a mengt datt et vläicht gutt wier wann de Premier Jean-Claude Juncker säi Finanzminister eng Kéier géif bei sech an de Büro ruffe fir ëm déi aktuell Regierungspolitik z'erkläre respektiv en dorun z'erënneren.
Et géif u Kohärenz an der CSV feelen, well de Premier géif e sozialen Dialog, a säi Finanzminister „en discours de droite“ halen. Dat wier och net gutt fir d’Kohärenz vun der Regierung, esou de Lucien Lux nach.
|
LSAP: Ferm Kritik u Ried vum Finanzminister Luc Frieden (07.02.2012)D'LSAP reagéiert ferm op d'Aussoe vum Luc Frieden géint Tripartite an d'erofsetze vum Mindestloun. |

Äre Commentaire