Juncker: Dëst Joer gi weider Spuermesuren ëmgesat

RTL - 07.02.2012, 13:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.02.2012, 12:17 | 111 Commentaire(n)

Am RTL-Interview huet de Staatsminister Jean-Claude Juncker op Nofro gesot, datt dëst Joer weider Spuermesuren zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn.

Detailer wollt de Premier keng ginn. Och wa mer relativ besser wéi anerer do stinn, géif am eigentleche Staatsbudget awer en Defizit vun enger Milliard Euro klaffen, deen ofgebaut misst ginn. Net direkt an engem Joer, de Prozess kéint iwwer e puer Joer gestreckt ginn.

Am Kontext mat de rezenten Aussoen vum Luc Frieden iwwer Tripartite, Mindestloun a strukturell Reformen, déi ferme vum LSAP-Fraktiounschef Lucien Lux kritiséiert goufen, sot de Premier, et géif keen Dissens an der Regierung.

Am Bezuch op Griicheland, wollt de Chef vum Eurogroupe sech net op e konkreten Zäitplang fir den Ofschloss vun den Diskussiounen am Land selwer, mat der Troika a mat de private Creancieren festleeën. Et ass all Zäit awer keen Eurogrupp virun en Donneschdeg.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!