BGL BNP Paribas Estate: Nëmme 6% eidel Büroen Enn 2011
RTL - 08.02.2012, 07:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.02.2012, 07:44 | 2 Commentaire(n)
BGL BNP Paribas Estate: Dem Immobiliemarché vun de Büroe geet et hei am Land gutt. Nëmme 6% vun der Gesamtfläch waren Enn 2011 eidel Büroen.

Ma dat heescht net, dass d'Situatioun net kéint besser sinn. Wéinst der Diminutioun vun der direkter Offer ass de sougenannten Taux de Vacance - also d'Unzuel vun eidele Quadratmeter Bürosfläch - iwwerall an Europa an der Baisse. Am meeschten eidel Büroe gëtt et zu Barcelona. Hei ass et en Taux vu 14,6%. Néierens ass en awer sou déif wéi zu Lëtzebuerg, wou just 6% vun den am ganzen 3,2 Milliounen, also 192.000 Quadratmeter eidel stinn. Och wann et de klengsten Taux an Europa ass, fält et op, dass 192.000 Quadratmeter eidel Büroen awer net grad näischt ass.
AUDIO: De Martin Heyne vun der BGL BNP Paribas Real Estate erkläert. »
Fir den Equiliber vun dësem Marché muss den Taux awer idealerweis bei 6-8% leien, well d'Leit musse kënne bougéieren. Dofir ginn och all Joers nei Büroe gebaut, obwuel et nach vill eidel Büroe gëtt. Well schliisslech ginn och all Joers nei Büroe verlount.
Fir eng kuerz Zäit ass et awer opgefall, dass extrem vill Büroen eidel waren. Dat war 2008-2009. Do goufe vill Gebaier gebaut an dunn ass d'Kris komm, wat den Androck vun villen eidele Büroen nëmme verstäerkt huet.
6% elo ass also e ganz gudden Taux, allerdéngs misst sech d'Situatioun nach verbesseren. Den Ament ginn nämlech méi Büroen all Joers verlount wéi gebaut. Donieft kéim, dass vill Gebaier, déi am Gaange si gebaut ze ginn, schonn am Virfeld verlount sinn.

Äre Commentaire