22/08/05
RTL - 22.08.2005, 11:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.05.2009, 13:10
Am Gasperecher Déierenasyl waarden eng ganz Rëtsch Déieren op hire Méeschter, fond goufen:
zu Bierchem é Genre wäissen Terrier an eng Art schwarze Mini-Schnautzer, zu Réimech é roude Kueder, zu Betebuerg é groe Persermix, zu Dippech eng gro mat wäiss getigert Kaatz, zu Mamer eng hallef langhäereg gro getigert Kaatz an da soutzen och nach an enger Cage virum Asyl eng Art wäisse Bichon, déen é roude Collier mat enger bloer Léngt unhuet an eng Meschong Chihuahua-Terrier mat brongem Pelz. Telefon: 48 13 13.
Vermësst gët zu Ueweranven éen hellgro getigerte Kueder. Hien huet é wäissen hänkesche Bauch. Telefon: 021 233 007.
Mir bleiwen zu Ueweranven, do as och nach eng schwarz Kaatz fortgelaaf. Telefon: 091 320 897.
Zu Guedber sin 2 kleng Kuedere fond gin, é rouden an é schwarzen mat engem wäisse Punkt op der Broscht. Telefon: 788 148.
Aus dem Stëbs gemaach huet sech zu Ettelbréck eng 2 Joer aal wäiss-roud Kaatz. Telefon: 021 71 85 74.
Zu Schieren as é klenge giele Kanarievillchen zougeflunn. Hien huet e puer roud Plommen um Kapp. Telefon: 81 82 58.
Fond gouf zu Lalleng eng wäiss Kaatz. Si huet é gro-schwarz getigerte Schwanz an hir Tätowéiernummer as LO 43. Telefon: 26 17 68 39.
E schwarze Labrador as zu Menster zougelaaf. Et as é Ritt. Telefon: 77 91 17.
Zu Steen as é klengen hellbrongen Hond, é Ritt verschwonnen. Hien huet eng wäiss Schnuff an é wäissen Hals. Telefon: 021 648 659.
Zu Betebuerg gouf é jonke gro getigerte Kueder fond. Telefon: 52 44 26.
E klenge wäisse Mupp as dann och nach zu Stengefort zougelaaf. Hien huet é Collier un mat enger Medaille vun der Impfung 2004. Telefon: 091 19 92 91.

