Wiseler: Tangente Ouest gëtt just zum Deel gebaut

RTL - 09.02.2012, 08:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2012, 10:43 | 36 Commentaire(n)

Claude Wiseler: D'Industriegebidder Kap, Ollem a Kielen solle matenee verbonne ginn, an zwar duerch eng nei Strooss - een Deel vun der "Tangeante Ouest".

Bis Enn vun den 90er Jore gouf iwwert d'West-Variant vun der Nordstrooss, d'Tangeante Ouest, gestridden. Schlussendlech gouf du jo d'Ost-Variant gestëmmt an et gouf ugefaangen d'Nordstrooss ze bauen, wéi se den Ament ass. Lo kënnt d'Tangeante Ouest awer, ma just zum Deel.

Den Nohaltegkeetsminister Claude Minster hätt ni gesot, datt se ganz géif gebaut ginn an dat géif och net an de Pläng stoen. Et ass virgesinn, datt deen Deel vu Mamer bis op d'N12 gebaut gëtt, och Contournement vun Ollem a Kielen genannt.

 AUDIO: De Claude Wiseler »



De Minister betount, dass dat net heescht, dass déi ganz Tangeante eng Kéier gebaut gëtt. De Rescht vun där Tangeante wier nämlech net méi néideg, wann d'Nordstrooss 2014 bis fäerdeg ass.

Wéini de Projet an Ugrëff geholl ass ganz schwéier anzeschätzen, well de Ministère fir den neien Tracé den Terrain nach net huet a keng Prozedure vun den Autorisatiounen gemaach huet.

D'Tangeante Ouest an der ursprénglecher Versioun géif et erlaben, vum Norden an de Westen/Süden an ëmgekéiert ze kommen, ouni musse ronderëm d'Stad ze fueren. Et wier och eng Strooss mat Symbolcharakter, huet et sengerzäit bei de P&Ch geheescht, well si net op d'Haaptstad fokusséiert wier.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!