Enquête géint de President vun der Piratepartei

RTL - 10.04.2012, 11:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.04.2012, 06:32

Juristesch Suite an der Affär ëm e geknäipte Passwuert am Centre médico-sportif. Et leeft eng Enquête géint de President vun der Piratepartei Sven Clement.

Dës Poursuite mat Perquisitioun géint deejéinegen deen d'Affaire publique gemaach huet, wier e Schrëtt an déi falsch Richtung sou d'Piratepartei déi mengt de Sportminister géif besser drun doen derfir ze suergen dass d'Datebank am Médico méi sécher gëtt.

Bei der Perquisitioun leschte Mëttwoch sinn zwee Notebooken, en iPad an zwee Handye saiséiert ginn.

An dëser Affär gouf et eisen Informatiounen no eng Perquisitioun bei enger weiderer Persoun.

D'Enquête leeft wéinst "Vol", "Vol à l’aide de fausses clés" an "Infraction informatique". 

Den illegalen Accès zu perséinlechen Donnéeë ass kee Kavaléiersdelikt – sou um Mëttwoch d'Reaktioun vum Justizminister Biltgen an de Sportminister Schneider no de Perquisitioune an der Affaire ronderëm dat geklaute Passwuert beim Service Médico sportif.

Et wier um Parquet ze decidéieren, op Poursuite ubruecht sinn. D'Ministere loossen och de Reproche net gëllen, et géif ee mat der Cyber-Sécherheet net serieux genuch ëmgoen. Si verweisen ënner anerem op eng ganz Partie Recommandatiounen, déi de Regierungsrot Mëtt Mäerz guttgeheescht hat.


Enquête géint de President vun der Piratepartei (10.04.2012)
Juristesch Suite an der Affär ëm e geknäipte Passwuert am Centre médico-sportif. Et leeft eng Enquête géint de President vun der Piratepartei Sven Clement.