OGBL: Ajustement bei Pensiounsreform, soss Demonstratioun

RTL - 12.06.2012, 15:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.06.2012, 18:41 | 14 Commentaire(n)

OGBL: Bei der Pensiounsreform wëll ee Mëtt Oktober eng grouss Demonstratioun virun der Chamber maache fir de Fall, dass et keen Ajustement sollt ginn.

© Erny Klein

Den OGBL hat um Dënschdeg Nationalcomité. Ee vu ville Punkte war d'Pensiounsreform.

Den Onofhängege Gewerkschaftsbond huet eng Rëtsch Ännerunge proposéiert, hat och eng Entrevue mam Minister Mars di Bartolomeo an deen huet Ouvertüre gemaach, déi awer bis ewell net um Pabeier stinn, seet de Jean-Claude Reding, de President vum OGBL.

 De Jean-Claude Reding »



Wann d'Fuerderungen net berücksichtegt ginn, ass Mëtt Oktober eng grouss Demonstratioun géint d'Rentereform an och wéinst dem Rentenajustement, deen ausfällt, sou den OGBL.

Iwwerhaapt gëtt et bei der Gewerkschaft eng méi animéiert Hierschtrentrée. Am Ganze si 5 Aktioune fir den Ufank vum Hierscht geplangt.

Mindestloun ze déif

De Mindestloun wär ze héich, giff der Competitivitéit schueden, ass déi lescht Zäit diskutéiert ginn. Dat stëmmt net, de Mindestloun misst gehéicht ginn, sou den OGBL. Sou e Mindestloun sollt 50% vum Duerchschnëttsloun ausmaachen gëtt allgemeng gesot ... "do si mer mat 35% wäit dovunner ewech", sot de President Jean-Claude Reding nom Nationalcomité vum OGBL.

Finanziell steet d'Gewerkschaft, déi iwwer 65.400 Memberen huet (1.500 méi wéi virun engem décke Joer), riicht do mat engem Plus vun 220.000 Euro.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!