Politmonitor (2): Suergen ëm Budgetsdefizit a Staatsschold
RTL - 03.05.2012, 18:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.05.2012, 22:43 | 52 Commentaire(n)
78% vun de Befrotene maachen de Budgetsdefizit an d'Staatsschold nawell fatzeg Suergen, esou den TNS-Ilres-Sondage am Optrag vu "Wort" an RTL.

Just nach 55% vun deene soen, déi economesch Lag vu Lëtzebuerg wier nach ëmmer gutt, esou den Charles Margue, Direkter vun TNS-Ilres: "Dat hei ass deen éischte Sondage, dee mir maachen, bei deem d'Kris ukomm ass." Dat kinnt un de Chiffre vum Previsiounscomité leien oder un de Spuermesuren, déi diskutéiert ginn. D'Perspektive wieren op alle Fall bei de Leit ukomm. "An d'Independanten, also d'Geschäftsleit, hu mat 58 % méi en héijen negative Score."
Hir perséinlech finanziell a materiell Situatioun estiméiert ee groussen Deel vun de Leit awer nach ëmmer als ganz gutt; et sinn dat ëmmerhinn 82%. Op där anerer Säit, esou de Charles Marque, wiere 7 Prozentpunkte bei deene Leit derbäi komm, deenen et schlecht geet. Dat wieren déi Leit um ënneschte Wupp vun der Sozialleeder: "37 Prozent vun deenen, déi manner wéi 3.000 Euro de Mount zur Verfügung hunn, soen, datt et hinnen net gutt geet. Dat si Leit mat niddreger Ausbildung an et si méi Leit aus dem Privatsecteur wéi aus dem ëffentleche Secteur."

78% vun de Befrotene maachen de Budgetsdefizit an d'Staatsschold nawell fatzeg Suergen ... No all de Noriichten aus de leschte Méint schéngt de Message, datt et déck Schwieregkeete mam Staatsdefizit an der Schold ginn, ukomm ze sinn. Vu 35 Joer un deelen 80 Prozent vun de Leit dee Constat - onofhängeg dovun, ob se am privaten oder am ëffentleche Secteur schaffen."

Fir ze spueren, proposéieren déi Befroten als éischt Léisung, dass den "Train de Vie" vum Staat reduzéiert gëtt. 90 Prozent vun de Befrote sinn der Meenung, datt een do usetze sollt. "Soss", esou de Charles Margue, "ginn et awer net immens vill Mesuren, déi konsensfäheg sinn. Nach eng, déi et ass: Sozialleeschtungen un d'Akommes upassen, also méi eng selektiv Sozialpolitik."

D'Meenunge vum Lëtzebuerger Vollek ginn drastesch auserneen, wat de Prinzip vun der Pensiounsreform ugeet, wou virgesinn ass, dass een an Zukunft 43 Joer schaffe muss, fir eng ganz Rent ze kréien, dat weisen d'Chifferë vum Politmonitor. Mat där Mesure sinn 50% vun de Befrotenen averstan, 49% net an 1% hat keng Meenung, esou de Charles Margue, Direkter vun TNS-Ilres.
|

Äre Commentaire