SMS-Grupp gëtt neie Groussaktionär fir Paul Wurth?
RTL - 04.05.2012, 19:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.05.2012, 07:53
ArcelorMittal plangt sech RTL-Informatiounen no aus dem Aktionariat vu Paul Wurth zeréckzezéien. D’Parte sollen vum däitschen SMS-Grupp iwwerholl ginn.

D’Parte sollen vum däitschen SMS-Grupp iwwerholl ginn. SMS ass en däitschen Traditiounsbetrib, deen aus verschiddene Fusiounen ervirgaangen ass. De Betrib baut ënnert anerem Stolwierker a Waltzanlagen. 9.000 Leit schaffe fir SMS.
Wat bréngt dës Operatioun SMS a wat huet Paul Wurth dovunner? Och zu Düsseldorf krute mer keng Äntwert. De Management géif eis Froen awer traitéieren.
Paul Wurth ass eng traditionell Lëtzebuerger Firma, déi zënter 1870 hiren Haaptsëtz zu Lëtzebuerg huet. D'Gesellschaft ass op den Design an d'Ausliwwerung vun technologeschen Solutiounen am Stolberäich spezialiséiert. Weltwäit huet Paul Wurth Héichiewe gebaut oder moderniséiert. D'Firma huet och e gudde Ruff am Management vu groussen Infrastrukturprojeten.
Viru kuerzem krut d'Firma den Zouschlag fir e modernen Transportreseau am Qatar en vue vun den Fussballweltmeeschterschaften 2022 opzebauen.SMS-Grupp gëtt neie Groussaktionär fir Paul Wurth? (04.05.2012)ArcelorMittal plangt sech RTL-Informatiounen no aus dem Aktionariat vu Paul Wurth zeréckzezéien. D’Parte sollen vum däitschen SMS-Grupp iwwerholl ginn. |
