Staatsrot: Kritik un der Kierzung vu Sozialhëllef

RTL - 12.05.2012, 09:02 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.05.2012, 09:05

Staatsrot: Lëtzebuerg ass dozou verpflicht Flüchtlingen opzehuelen an hinnen ënnert mënschewierdege Konditiounen ze hëllefen.

Dat ënnersträicht de Staatsrot a sengem Avis iwwert déi scho vill kritiséiert Kierzung vun der Sozialhëllef fir Demandeurs d'asile op nëmmen nach 25 Euro de Mount. Déi Héich Kierperschaft wëll sech zwar net weider iwwert den absolute Montant ausloossen, betount awer, datt d'Suen alleng sécher net duerginn fir déi dréngend Besoine vun engem Mënsch ofzedecken.

Duerfir begréisst de Staatsrot och, datt d'Flüchtlingen nieft de Suen weider Hëllefen an Bonge gestallt kréien. Donieft notéiert de Conseil d'Etat datt dës drastesch Reduktioun vun der Hëllef weider guer net am Reglement grand-ducal kommentéiert gëtt a wërft d'Fro vun der Gläichbehandlung op. Deboutéiert Demandeurs d'asile kréien nämlech e Forfait vun 90 Euro de Mount, also bal véiermol sou vill Suen wéi Persounen deenen hir Procedure nach leeft. Mä ass dat verfassungskonform, freet sech de Staatsrot.