Jean-Claude Juncker kritt "Markgräfler Gutedelpreis"

RTL - 12.05.2012, 09:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.05.2012, 09:10

De Staatsminister Jean-Claude Juncker krut zu Neuenburg am Rhein de „Markgräfler Gutedelpreis“, e Präis dee mat 225 Liter Wäin dotéiert ass.

De Jean-Claude Juncker ass et gewinnt fir international Präisser fir seng Verdéngschter an Europa ze kréien. E Freideg ass eng weider Auszeechnung derbäi komm. Déi passt allerdéngs net an d'Vitrine. De Staatsminister krut zu Neuenburg am Rhein de „Markgräfler Gutedelpreis“, e Präis dee mat 225 Liter Wäin dotéiert ass. De Premier krut e Freideg duerfir e grousst Faass aus Holz iwwerreecht an huet sech gefreet, „zu engem gudde Liewen géif heiansdo och e gudde Wäin gehéieren, dat wier dann och deen éischte Präis wier, deen am Keller lant.“