Nei RTL-App fir Android: Matten an d'Neiegkeeten!
RTL - 14.05.2012, 15:36 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.05.2012, 09:36 | 5 Commentaire(n)
Méi séier, méi iwwersiichtlech: Dir gitt elo direkt gewuer, wat zu Lëtzebuerg lass ass an an der Welt geschitt – op Lëtzebuergesch an op Franséisch!

Op deem neien Homescreen vun der RTL-Android-App fannt Dir dofir op ee Bléck all d'Headlines plus déi neisten Nouvellë vun der nationaler, internationaler, sportlecher a kultureller Aktualitéit, plus Promi-News.

Och nach op der éischter Säit: Ee Button, fir d'Sprooch ze wiesselen, ee fir Radio Lëtzebuerg live ze lauschteren an ee fir als "Mobile Reporter" eng Foto ze maachen an déi un d'Redaktioun vun RTL.lu ze schécken.
Déi weider Punkten
Op der Home geet et lénks vun den Headlines bei den RTL Replay: An anere Wierder, wann Dir Äre Fanger um Schierm vu lénks no riets beweegt, kommt dir an den Archiv vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Nieft den Neiegkeete sinn dat Trafic-Informatiounen, Meteo-Previsiounen, en Agenda, de Sport, Kultur a Kino, Meenungartikelen (Lieserbréiwer, Radio-Commentairen, Cartes blanches an den Apropos vum Radio) an och nach Society-News, den Horoskop an d'Fotogalerien.
Bei déi kann een awer och direkt (also säitlech) accedéieren, wann ee mam Fanger weiderfiert, well si hunn nom Menu een extraen Haapt-Punkt fir sech krut.
Mat där neier Navigatioun kënnt een also nach méi séier bei Rubriken, déi ee sicht.
An dat Bescht: Bal all d'Informatioune sinn an zwou Sproochen disponibel, op Lëtzebuergesch an op Franséisch.

An iwwert d'Funktioun "RTL Mobile Reporter" kënnt Dir eis ëmmer interessant Informatiounen zoukomme loossen.
Eng interaktiv Trafic-Kaart, wéi si ewell fir den iPhone disponibel ass, ass och fir Android an der Maach a soll beim nächste gréisseren Update nogeliwwert ginn.
Mobil Comments
Nach eng Präzisioun, wat d'Kommentéiere vun Artikelen ugeet: Den Ament ass et net méiglech, mat den Appen op RTL.lu Artikelen ze kommentéieren. Um Site ass de System, fir sech anzeloggen a matzediskutéieren, nämlech méi einfach, méi sécher a méi performant gemaach ginn. Déi Changementer stinn och fir d'Android- an d'iPhone-Appen op der Lee ...
Bei enger vun den nächste Versiounen dierft et dann also méiglech sinn, och vun ënnerwee ze kommentéieren. Merci fir Äert Versteesdemech!
Kuerz gesot, déi nei RTL Android App:
- ass disponibel an 2 Sproochen,
- huet e komplett neien Homescreen,
- liwwert massiv Trafic-Informatiounen
- a krut en neien intuitive Menu.
Mir wënschen Iech vill Satisfaktioun mat eiser neier App!
Déi nei App vun RTL, ëmmer aktuell an ëmmer app to date!

Mir freeën eis op Äre Feedback