Escher Autobunn: Fra vun 68 Joer stierft bei Stau-Accident
RTL - 15.05.2012, 11:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.05.2012, 15:26
Ganz schroen Accident um Dënschdegmoie kuerz no 11 Auer op der Escher Autobunn: Bei enger Kollisioun vun 3 Gefierer ass eng Fra ëmkomm.

Wéinst deem Crash ass et zu engem Stau komm an an deem ass ee weideren Accident geschitt, bei deem eng Fra ëm d'Liewe koum. Si hat 68 Joer.
D'Fra war ongebremst an de Stau gerannt. Dräi weider Persoune si mat méi liichte Blessuren an d'Spidol ageliwwert ginn.
D'A4 ass elo nees fir de Verkéier op, an de Stau vu 4km léist sech lues a lues op-

D'Police sicht och nach Zeien, déi gesinn hunn, wéi et zum Accident komm ass. Si solle sech um 113 mellen.

Am Asaz: den Escher Samu, Ambulanze vu Beetebuerg, Diddeleng an Esch, de Sauvetage vu Schëffleng, d'Pompjeeë vu Monnerech, d'Police an d'Ponts et Chaussées.

