CFL: Fuite vu liicht brennbar Stoffer gestoppt

RTL - 26.07.2012, 09:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.07.2012, 14:19

Fuite vu liicht brennbar Substanzen: D'Zuchstreck Stad-Thionville-Metz huet en Donneschdeg géint 8.00 Auer misste gespaart ginn, ass awer lo nees op.

Dat also well zu Beetebuerg am Triage festgestallt ginn ass, datt geféierlech Substanz auslafen.

D'Stréck war bis kuerz no 10 Auer gespaart, an et kéint nach méi wei eng Stonn daueren bis dat de Problem geléist ass. Busser goufen vun der CFL agesat, fir d'Leit vu Lëtzebuerg op Thionville ze bréngen, an ëmgedréint.



De Kreesverkéier an der rue de Zoufftgen a Richtung Firma Husky huet dann och misste gespaart ginn, ass awer mëttlerweil fir de Verkéier nees op. Den Aarbechter, deen d'Fuite entdeckt huet, gouf fir d'Kontroll an d'Spidol bruecht.